Ashcan (Film)

Vu Wikipedia
Ashcan
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Belsch
Produktiounsjoer 2018
Première 24. Januar 2018
Dauer 90 min
Originalsprooch Englesch
Franséisch
Däitsch
Ekipp
Regie Willy Perelsztejn
Claude Lahr (Beroder)
Dréibuch Willy Perelsztejn
Fotografie Carlo Thiel
Musek André Mergenthaler
Schnëtt Carlo Thoss
Schauspiller
Richard Bessel
François Heisbourg
Lothar Jonck
Patrick Mandoux
Jean-Michel Sterkendries
Maximillien Jadin
Steve Karier
Martin Olbertz
Fred Frenay
Dennis Kozeluh
Ulrich Kuhlmann
Marco Lorenzini
Georg Luibl
Georg Marin
Thomas Wiβmann
Daron Yates
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ashcan ass en Documentaire vum belsche Regisseur Willy Perelsztejn. En ass de 24. Januar 2018[1] eng éischt Kéier um FIPA zu Biarritz gewise ginn, an den 2. Mäerz 2018 zu Lëtzebuerg um LuxFilmFest. E koum am September 2018 an de Kino.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Ashcan.

De Film geet iwwer dat US-amerikanescht Gefaangenelager Central Continental Prisoner of War Enclosure No. 32 zu Munneref an engem ëmgebauten Hotel, dat de Spëtznumm Ashcan ("Dreckskëscht") krut, well dodran tëscht Mee an August 1945 all déi héichrangeg Nazien an däitsch Militär gefaangegehale goufen, déi bis dohi vun den Alliéierte gepëtzt gi waren. Si goufen do verhéiert, fir sou d'Uklo fir d'Nürnberger Prozesser virzebereeden.

An de Film sinn Zeenen aus dem Theaterstéck Codename Ashcan (vum Willy Perelsztejn an Ouri Wesloy; Regie: Anne Simon) integréiert, dat am Mee 2017 opgefouert gouf, an an deem Dialogen aus dem Verhéier nogespillt goufen.

Et gëtt och Interviewer mat ë. a. engem Historiker an engem Psycholog, an och deem eenzegen direkten Zäitzeien deen nach gelieft huet, dem John E. Dolibois, deen deemools ee vun den Interogateure vun der US-Arméi war.

Soss[änneren | Quelltext änneren]

De Lëtzebuerger Filmfong huet der Filmproduktiounsgesellschaft Nowhere Land Productions 2016 e Subside an Héicht vu 420.000 Euro accordéiert, fir de Film ze produzéieren.[2]

D'Premiere vum Film war 2018 zu Lëtzebuerg an an der Belsch. De Film gouf den 13. Januar 2020 op Arte-Frankräich an Arte-Däitschland gewisen.

De Claude Lahr war dem Regisseur Willy Perelsztejn säi Beroder beim Film.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Ashcan op fipa.tv (gekuckt: 2018-04-21)
  2. filmfund.lu: Comité de Sélection décisions avril 2016