De Lampertsbierg

Vu Wikipedia
De Lampertsbierg
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Première 14. November 2021 (Avant-première)[1]
Dauer 178 min
Faarf Schwaarz-Wäiss,
Faarweg
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Ekipp
Regie Joy Hoffmann
Dréibuch Joy Hoffmann
Fotografie Nikos Welter
Musek Pol Belardi
Schnëtt Misch Bervard
Produzent Viviane Thill
Produktiouns-
gesellschaft
Centre national de l'audiovisuel
Schauspiller
keng (Documentaire)
Kommentar geschwat vun:
Gintare Parulyte a Joy Hoffmann (lb);
Sophie Langevin an Denis Jousselin (fr)
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

De Lampertsbierg ass e lëtzebuergeschen Documentaire vum Joy Hoffmann aus dem Joer 2021. E koum den 21. November 2021 an d'Kinoen

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

De Lampertsbierg ass e Portrait vum Stater Quartier Lampertsbierg, deen de lokale Spezifitéiten nogeet, an déi 150järeg Geschicht vum Quartier, am Zesummenhang mat där vun der Stad a vum Land, retracéiert.

De Film presentéiert sech als eng Serie vu 6 Deeler, vun allkéiers enger décker halwer Stonn:

  1. D'Urbanisatioun vum Quartier 1867-1940 (39 Min.)
  2. Den Zweete Weltkrich (28 Min.)
  3. Vu Kënschtler, Geschäfter a Betriber (38 Min.)
  4. D'Liewen um Lampertsbierg an de 60er Joren (36 Min.)
  5. Ënnerhalung a Kultur (37 Min.)
  6. Vu Schüler, Immigranten an enger neier Festung (29 Min.)[2]

Am Kino gouf en an 2 Deeler vu ronn 105 Minutten, mat jee 3 Episoden, gewisen.

Hannergrond[änneren | Quelltext änneren]

De Film baséiert op Interviewe mat zum gréissten Deel Lampertsbierger Leit, op Filmarchiven aus dem CNA a vun RTL, zousätzlech gedréite Biller, a Fotoen an Dokumenter aus diverse Lëtzebuerger Archiven, a private Kollektiounen.[2]

Kritik[änneren | Quelltext änneren]

Michel Delage, Radio 100,7:[3]

De Lampertsbierg ass e klassesch opgebauten Documentaire, mat enger Hellewull u Material, Fakten an Zäitzeien [...] Dëse ganz liewegen an interessante Portrait vun engem grad esou liewegen an interessante Quartier, dee vum CNA produzéiert an an Zesummenaarbecht mat de Lampertsbierger Geschichtsfrënn entstanen ass, dierft wuel en onëmgänglecht Referenzwierk ginn.

rtl.lu:[4]

De Lampertsbierg ass awer vrun allem de Portrait vun engem Stater Quartier, deen eng enorm Entwécklung gemaach huet, fir et mat engem Beispill ze soen: vum alen Tramsschapp bis bei de modernen Tram. [...] Heiansdo géif ee sech als Spectateur vläicht e bëssi Relache wënschen, e puer Momenter ootmen duerfen, d'Biller eleng schwätzen a wierke loossen an dat verschaffen, wann een do alles gewuer ginn ass. An heiansdo hätt ee sech gär vum Joy perséinlech nach méi mathuele gelooss a säi Quartier a bei déi Leit, mat deenen hie sech ënnerhalen huet.

Pablo Chimienti, d'Lëtzebuerger Land:[5]

Certains sujets[...] reviennent à plusieurs reprises, ce qui finit par être redondant dans cette version cinéma aux épisodes regroupés. Un problème qui s'ajoute à un va-et-vient constant entre documentaire subjectif et reportage factuel qui dérange un peu le propos, à quelques interviews où le réalisateur est tutoyé et directement cité par les intervenants ou encore à un cadre tremblant même sur des plans fixes d'un immeuble ou d'une stèle commémorative… Autant de petits défauts qui donnent à ce Lampertsbierg une impression de fourre-tout, certes pas inintéressant, mais pas tout à fait maîtrisé.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

„De Lampertsbierg“ op play.rtl.lu[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. rtl.lu: Kee Quartier wéi een aneren! (15. November 2021)
  2. 2,0 2,1 Fiche op cna.public.lu, gekuckt 2021-12-12.
  3. 100komma7.lu: Lampertsbierg, Quartier vun nationaler Bedeitung vum Michel Delage (19. November 2021)
  4. rtl.lu: "De Lampertsbierg" vum Joy Hoffmann vum (21. November 2021)
  5. land.lu: Un documentaire pour riverains vum Pablo Chimienti (3. Dezember 2021)