Nicolas Cito

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Nicolas Cito
Nicolas Cito 1866-1949.jpg
Den Nicolas Cito géint 1928[1].
Gebuer 25. Januar 1866
Gestuerwen 18. Juni 1949
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Ingenieur
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Den Nicolas Cito, gebuer de 25. Januar 1866 zu Nidderkäerjeng a gestuerwen den 18. Juni 1949 zu Knokke, war e lëtzebuergeschen Ingenieur. Hie war de Monni vum Lëtzebuerger Sculpteur Claus Cito[2].

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

No sengem Studium op der Kathoulescher Universitéit vu Léiwen, goung hien am Juni 1892, als Ingenieur am Optrag vun der Compagnie du Chemin de Fer du Congo, op Matadi an de Belsche Kongo, fir beim Opbau vun der Eisebunnsstreck tëscht Matadi a Léopoldville, der haiteger kongolesescher Haaptstad Kinshasa, matzehëllefen. D'Streck vun der Eisebunnslinn war 398 Kilometer laang a goung vu Matadi um Atlantik, dat 28 Meter iwwer dem Mieresspigel läit, op Thysville, haut Mbanza-Ngungu, 700 Meter méi héich, bis erof op Léopoldville, 246 Meter héich. Bei de schwieregen Aarbechten, besonnesch duerch déi verschidden Terrainskonditiounen, an de Klima (der ëffentlecher Meenung vun deemools no), bei deene bis zu 2.000 Aarbechter ëmkomm waren, huet den Nicolas Cito sech duerch säin Duerchsetzungsverméigen ausgezeechent. Hie konnt dofir bei der Inauguratioun vun der Streck, de 16. Mäerz 1898, als Lokführer an d'Gare vu Léopoldville erafueren. Deeselwechten Dag gouf hie, vum Kinnek Léopold II. vun der Belsch, zum Direkter vun der Compagnie des Chemins de Fer du Congo ernannt.

1903 gouf hien dunn zum Generaldirekter vun der Chinesescher Eisebunnslinn Hankow-Kanton ernannt. Duerno huet hien nach Eisebunnen am Chile, an Indien, Guatemala, Panama, am Peru an am Mosambik geleet.

1920 koum hien op Bréissel zréck a war a Verwaltungsréit vun diverse Kolonialgesellschaften.

Vum Januar 1927 bis 1947 war hie lëtzebuergesche Generalkonsul zu Bréissel. 1947 gouf hien Éiere-Konsul.

Hie gouf den 22. Juni 1949 zu Bréissel um Kierfecht vun Ixelles begruewen.

Etappen a sengem Liewen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1892-1903: Belsche Kongo. Bau vun der Eisebunnslinn Matadi-Léopoldville
  • 1903-1906: China. Eisebunnslinn Hankow-Kanton
  • 1906-1907: Chile. Chemin de Fer longitudinal du Chili
  • 1908-1909: Kolonie Britesch Indien. Verwaltungsrot vun der Sandur Minig Co Ltd.
  • 1910-1912: Guatemala-Peru: Bewässerungskanal vu Chira am Peru
  • 1913: Britesch Indien. Sandur Mining Co. Ttd.
  • 1913-1914: Mosambik. Eisebunnslinn vu Beira bis a Zambia
  • 1914-1919: London. Direkter vun der Banque d'Outremer.
  • 1919 oder 1920-1923: Verwaltungsrot vun der Banque Belgo-Luxembourgeoise S.A. [3]
  • 1920: Bréissel. Verwaltungsrot vun der Compagnie du Chemin de Fer Bac-Congo au Katanga et Leokadie
  • 1920-1928: Bréissel-Kongo. Inspektiounsreesen
  • 1928-1929: Britesch Indien. Sanur Mining Co.Ltd
  • Vun 1929 un:

Zu Lëtzebuerg huet hie sech a verschiddenen Associatiounen engagéiert. Hie war ënner anerem Éierepresident vun der Fraternelle Esch. 1938 huet hie säin Heemechtsduerf Niddderkäerjeng bei der Restauratioun vun der Schoul finanziell ënnerstetzt.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell: Luxemburger Illustrierte, cf. http://www.luxemburgensia.bnl.lu/cgi/luxonline1_2.pl?action=fv&sid=luxill&year=1928&issue=18&page=257&zoom=3
  2. De Claus Cito huet sengem Monni Nicolas Cito e Monument skulptéiert, wat bei der Cito-Schoul zu Nidderkäerjeng steet.
  3. Mémorial A N° 85 vum 12. November 1922 Säit 4
  4. Biographie Belge d'Outre-Mer Säit 60
  5. Mémorial A N° 41 vum 17. Juni 1912 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen