Matadi

Vu Wikipedia
Virstad vu Matadi op dem Südhank vun de Griechte vum Kongo

Matadi ass eng Hafestad am Kongo an d'Haaptstad vun der Provënz Ënneschte Kongo.

D'Stad gouf 1886 um lénksen Uwänner vum Floss Kongo gegrënnt fir Wueren an d'Land eran, an aus dem Land eraus kënnen ze transportéieren. Si läit ongeféier op hallwem Wee tëscht dem Atlantik an der Haaptstad Kinshasa, an hat 2004 eng ronn 246.000 Awunner.

Den Hafe vu Matadi ka vun Héichséischëffer ugefuer ginn, an d'Wuere kënnen iwwer d'Eisebunnsstreck Matadi-Kinshasa oder iwwer d'Matadi-Strooss op Kinshasa weidertransportéiert ginn. Eng Pipeline mécht den Tranport vu Pëtrolsprodukter.

De Lumumba-Stadion ass de gréisste Stadion an der Stad.

D'Matadi-Bréck, eng vun de längsten Hänkbrécken op der Welt op där Autoen an Zich fuere kënnen, verbënnt d'Stad mam rietsen Uwänner op deem d'Stad Boma an net wäit dovun de Barrage vun Inga leien.

E bësselche flossop bei de Waaasserfäll vun Ielala ass de Fiels op deem den Diogo Cão, e bekannte potugiseschen Explorateur, 1482 agravéiert hat, datt hien op der Exploratioun vum Kongo bis dohi komm war.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Matadi – Biller, Videoen oder Audiodateien