Feminismus

Vu Wikipedia
Eng Demonstratioun am Joer 1935 fir d'Fraewalrecht a Frankräich.

Feminismus bezeechent eng Rei gesellschaftspolitesch Beweegungen an Ideologien, déi d'Zil hunn, déi politesch, ekonomesch, perséinlech a sozial Gläichstellung vun de Geschlechter ze definéieren an duerchzesetzen.[1] De Feminismus vertrëtt de Standpunkt, datt d'Gesellschaft eng Preferenz fir déi männlech Perspektiv huet an datt Fraen an där Gesellschaft ongerecht behandelt ginn. De Kampf géint Geschlechterstereotyppen an d'Verbesserung vun de Chancen a Resultater fir Fraen an der Bildung, der Aarbechtswelt an den tëschemënschleche Bezéiungen zielen zu de Beméiungen, dat ze änneren.[2]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Feministesch Beweegungen, déi hiren Ursprong am spéiden 18. Joerhonnert an Europa hunn, hu sech fir d'Rechter vun de Fraen agesat a maachen dat och haut nach. Dozou gehéieren d'Walrecht an d'Recht, fir ëffentlech Ämter ze kandidéieren, d'Rechter ze schaffen an op déi selwecht Pai wéi Männer, Proprietéit ze besëtzen, Bildung ze kréien, Kontrakter ofzeschléissen, Congé de maternité ze huelen an déi selwecht Rechter am Bestietnes ze hunn.

Feministinnen hu sech och dofir agesat, den Zougank zu Verhütungsmëttel, legalen Ofdreiwungen a sozialer Integratioun ze garantéieren, a Fraen a Meedercher viru sexuellen Iwwergrëffer, sexueller Belästegung an haislecher Gewalt ze schützen. Ännerunge vun de weibleche Kleedervirschrëften an den Aktivitéiten, déi fir Fraen akzeptabel sinn, gehéieren och zu de feministesche Beweegungen.

Vill Wëssenschaftler sinn der Meenung, datt feministesch Campagnen déi dreiwend Kraaft hannert de groussen historesche gesellschaftleche Verännerunge fir d'Rechter vun de Frae waren, besonnesch an der westlecher Welt. Do gi si bal allgemeng verantwortlech gemaach fir d'Aféiere vum Fraewalrecht, der geschlechtsneutraler Sprooch, de reproduktive Rechter fir Fraen (dorënner den Zougank zu Verhiddungsmëttelen an der Ofdreiwung), souwéi dem Recht, Kontrakter ofzeschéissen a Proprietéit ze besëtzen.

Obwuel sech de Feminismus an éischter Linn fir d'Rechter vun de Fraen asetzt an agesat huet, plädéieren e puer Feministinnen dofir, och d'Befreiung vun de Männer an hir Ziler anzebezéien, well si der Meenung sinn, datt och Männer duerch déi traditionell Geschlechterrolle geschiedegt ginn. Déi feministesch Theorie, déi aus de feministesche Beweegungen ervirgaangen ass, ziilt dorop of, d'Wiese vun der Ongläichheet tëscht de Geschlechter ze verstoen, andeem si déi sozial Rollen an déi gelieften Erfarunge vu Fraen ënnersicht. Feministesch Theoretikerinnen hunn Theorien a villen Disziplinnen entwéckelt, fir op geschlechtsspezifesch Froen zu reagéieren.

E Fraestreik an Argentinien, 2019

Am Laf vun de Joren hu sech vill feministesch Beweegungen an Ideologien entwéckelt, déi ënnerschiddlech Standpunkten a politesch Ziler vertrieden. Traditionell gouf vum 19. Joerhonnert un déi éischt Well vum liberale Feminismus den aarbechterorientéierte proletaresche Fraebeweegunge géintiwwergestallt. De liberale Feminismus strieft déi politesch a rechtlech Gläichstellung duerch Reformen an engem liberaldemokratesche Kader un. D'aarbechterorientéiert Fraebeweegungen dogéint hu sech am Laf vun der Zäit zu engem sozialisteschen a marxistesche Feminismus op der Grondlag vun der Klassekampftheorie entwéckelt. Zënter den 1960er Jore goufen déi zwou Traditiounen och dem radikale Feminismus géinteniwwergestallt, deen aus dem radikale Flillek vun der zweeter Well vum Feminismus („Second-Wave-Feminismus“) ervirgaangen ass. E fuerdert eng radikal Neiuerdnung vun der Gesellschaft, fir déi männlech Virherrschaft ze eliminéieren. Zesumme ginn de liberalen, de sozialisteschen an de radikale Feminismus heiansdo als déi „grouss dräi“ Schoule vum feministeschen Denke bezeechent.

Zënter dem spéiden 20. Joerhonnert hu sech vill nei Forme vum Feminismus erausgebilt. E puer Formen, wéi z. B. de wäisse Feminismus, gouf besonnesch an den USA kritiséiert, well en nëmmen d'Perspektive vun de Wäissen, de Leit aus der Mëttelschicht, den Universitären, den Heterosexuellen oder den Cisgender-Persoune berécksiichtegt. Déi Kritik huet zur Formatioun vun ethnesch spezifeschen oder multikulturelle Forme vum Feminismus gefouert, wéi z. B. dem schwaarze Feminismus an dem intersektionale Feminismus. E puer Feministinnen hunn argumentéiert, datt de Feminismus dacks Männerfeindlechkeet (Misandrie) an d'Iwweruerdnung vun den Interesse vu Fraen iwwer déi vun de Männer fërdert, a kritiséiere radikal feministesch Positiounen als schiedlech fir Männer a Fraen.

Feminismus zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Feminismus zu Lëtzebuerg.

D'Marguerite Thomas-Clement war tëscht 1919 an 1931 Deputéiert an domat déi éischt Fra an där Funktioun an der Chamber

De Feminismus ass zu Lëtzebuerg géint Ufank vum 20. Joerhonnert opkomm. Déi éischt zwou Fraenorganisatiounen, de Verein für die Interessen der Frau an de Luxemburger katholischer Frauenbund, goufen 1906 gegrënnt. Schonn d'Joer virdrun hat d'Sozialdemokratesch Aarbechterpartei ouni Succès déi éischt Petitioun fir d'Fraestëmmrecht an der Chamber agereecht. D'Allgemengt Walrecht gouf zu Lëtzebuerg 1919 agefouert; et huet och de Fraen erlaabt, wielen ze goen.

Bei de Chamberwale vum 26. Oktober 1919 gouf d'Marguerite Thomas-Clement ënner véier Kandidatinnen als eenzeg gewielt. Si hat dat Amt bis 1931. Eréischt 1965 gouf mat der Astrid Lulling déi zweet Fra an d'Chamber gewielt an zwee Joer drop koum mat der Madeleine Frieden-Kinnen eng éischt Fra an eng Lëtzebuerger Regierung. Si war Staatssekretärin an der Regierung Werner-Cravatte.

1974 gouf e Gesetzesentworf ugeholl, deen de Gläichheetsprinzip tëscht Mann a Fra unerkennt an d'Rechter an de Flichte vun der bestueter Koppel reforméiert. E Gesetzesprojet iwwer d'Ofdreiwung vun der Regierung Thorn-Berg aus dem Joer 1978 huet zu engem Aktiounsdag am Kader vum Internationale Fraendag gefouert. D'Motto war „Entkriminaliséierung vun der Ofdreiwung“ mat enger Manifestatioun op der Plëss. D'Gesetz gouf nach am selwechte Joer ugeholl.

An den 1990er du gouf de Centre d'information et de documentation des femmes Thers Bodé (1992) gegrënnt, den haitege CID/Fraen an Gender, e Kompetenzzentrum fir d'Thema Feminismus. Och de Ministère fir d'Promotioun vun der Fra (1995) gouf dunn an d'Liewe geruff, mat der Marie-Josée Jacobs als Ministesch.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Introduktioun an d'Kapitel „Geschicht“ sinn d'Iwwersetzung vun der Aféierung vum Artikel Feminism op der engleschsproocheger Wikipedia an der Versioun vum 28. Juni 2023.
  • D'Informatiounen aus dem Kapitel „Feminismus zu Lëtzebuerg“ komme vun der Websäit fraendag.lu (fir d'Period 1911 bis 2018).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Feminismus – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Bundeszentrale für politische Bildung: Feminismus
  2. Was ist Feminismus? vun der Dr. Ilse Lenz (25. Mee 2018)