Fraestreik

Vu Wikipedia
Logo vum Fraestreik 2022 zu Lëtzebuerg

E Fraestreik ass eng organiséiert Ënnerbriechung vun der Aarbecht vun de Fraen, fir op systematesch oder strukturell Problemer opmierksam ze maachen a fir domat entspriechend politesch Ziler duerchzesetzen.

En ass net ze verwiessele mam Sexstreik oder engem Streik am Sënn vun engem Aarbechtskampf.

Fraestreik zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg ass de 7. Mäerz 2020 den éischte Fraestreik ënner dem Motto “Who cares? We care!” organiséiert ginn. Am Mëttelpunkt vum Streik stoung déi ongläich Verdeelung vun der Care-Aarbecht, also der Aarbecht am Stot, absënns fir sech ëm Kanner oder eeler Leit ze këmmeren oder se ze fleegen. An der haiteger Gesellschaft sinn et ëmmer nach haaptsächlech d'Fraen[1], déi sech gréisstendeels ëm reproduktiv Aktivitéite wéi de Stot, d'Fleeg, d'Erzéiung asw. këmmeren. All Frae goufen opgeruff, deen Dag d'Aarbecht (symbolesch) néierzeleeën an zesummen op d'Strooss ze goen, fir op déi netbezuelt Aarbecht opmierksam ze maachen.

Um internationale Fraendag, den 8. Mäerz 2021, sinn nees iwwer 1000 Leit ënner dem Motto “We still care” op d'Strooss gaange fir op d'Benodeelegung vun de Fraen – absënns vun de Frae mat enger anerer Hautfaarf (Women of Colour) oder de queer Fraen – opmierksam ze maachen. D'Organisatricen hunn ausserdeem dorop higewisen, datt am Kader vun der Covid-19-Pandemie d'Ongläichheeten tëscht de Geschlechter nach eng Kéier verschäerft géifen.

Um Fraendag 2022, den 8. Mäerz, ass e Cortège vun der Stater Gare bis op d'Plëss virgesinn. D'Revendicatioune vum Fraestreik 2022 sinn:

  • e faire Lounausgläich,
  • eng allgemeng Reduktioun vun der Aarbechtszäit fir jiddereen,
  • e Gebuertscongé vun dräi Méint fir jiddereen,
  • e Recht op bezuelbare Wunnraum fir jiddereen,
  • e Kampf géint geschlechtsspezifesch Gewalt.

Organisatrice vun de Lëtzebuerger Fraestreiken ass d'Plattform JIF Luxembourg.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Editioun 2022 zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Fraestreik zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Der Plattform JIF Luxembourg no, zielt als Fra all Persoun, déi sozial als Fra identifizéiert ass, onofhängeg vum Geschlecht oder vum Genre