CID/Fraen an Gender

Vu Wikipedia

CID/Fraen an Gender (sic)[1] ass zanter der Nummännerung vum 15. Mäerz 2015 den neien Numm vum Centre d'information et de documentation des femmes Thers Bodé A.s.b.l (fréier CID-femmes). D'A.s.b.l., déi den 8. Mäerz 1992 um Weltfraendag gegrënnt gouf, geréiert eng fir Lëtzebuerg eenzegaarteg Fraebibliothéik mat haut iwwer 20.000 Bicher, CDen, Zäitschrëften a Partituren. Theeme sinn (international) Fraebeweegung, Fraen- a Genderfuerschung, Fraekonscht, Fraebiographien a Romaner déi vu Frae geschriwwe goufen.

E wichtege Bestanddeel ass och de Rayon "mädchenstarke Kinder- und Jugendliteratur" mat Bicher a Medien déi Meedercher a Jonge baussent festgefuerene Rolleklischeeë weisen.

D'Bicher sinn haaptsächlech op Däitsch a Franséisch, an deelweis op Englesch.

D'Bibliothéik huet och eng Rubrik mat lëtzebuergescher Literatur an Dokumenter.

Doriwwer eraus gëtt och de Fraemuseksforum EUTERPE am Kader vum CID/Fraen an Gender organiséiert.

De CID/Fraen an Gender gëtt finanziell vum Chancëgläichheetsministère, vum Kulturministère a vun der Stad Lëtzebuerg ënnerstëtzt.

En initiéiert a betreit kulturell a sozialpolitesch Projete mam Zil, d'Gläichheet tëscht de Geschlechter e Stéck virun ze bréngen a Fraen, Männer, Kanner a Jugendlecher fir Fraenthemen z'interesséieren an ze sensibiliséieren.

Rezent Projete sinn:

  • Girls' Day – Boys' Day
  • KeK – Kinder entdecken Künstlerinnen
  • Bücherkoffer

Den ursprénglechen Numm vum CID/Fraen an Gender war no der Politikerin a Fraerechtlerin Thers Bodé genannt.

2006 gouf de CID/Fraen an Gender mam Prix Anne Beffort ausgezeechent.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://www.etat.lu/memorial/2015/C/Pdf/c1752157.pdf