Maggy Stein

Vu Wikipedia
Maggy Stein
Gebuer 13. Abrëll 1931
Lëtzebuerg
Gestuerwen 11. Februar 1999
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sculpteur
Famill
Bestuet mat Jean-Pierre Georg
Papp Jean-Pierre Stein

D'Maggy Stein, gebuer den 13. Abrëll 1931[1],[2] an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 11. Februar 1999 zu Esch-Uelzecht[1] war eng lëtzebuergesch Sculptrice.

D'Maggy Stein huet am Marmer, Bronze, Steen, a méi seelen am Holz geschafft.

Hiert Liewen[änneren | Quelltext änneren]

D'Maggy Stein war d'Meedche vum fréiere Kolléischdirekter Jean-Pierre Stein (1892 - 1963).

Vun 1947 bis 1949 war si als élève libre am Cours fir Skulptur vum Lucien Wercollier an der Handwierkerschoul (haut Lycée des arts et métiers) ageschriwwen. No hirer Première am Joer 1949, war si du fir ee Joer Schülerin an der Handwierkerschoul. Vun 1950 bis 1953, no hirem éischte Bestietnes, huet si mat hirem Mann am Kongo gelieft. D'Koppel krut dräi Kanner, dräi Meedercher déi 1951, 1955 a 1959 gebuer goufen. Vun 1957 un huet si nees u Course vum Lucien Wercollier deelgeholl[3].

Vun 1962 un huet d'Maggy Stein Ausstellunge vun hire Skulpturen organiséiert a bei Ausstellunge mat anere Kënschtler zu Lëtzebuerg an och am Ausland matgemaach.

1978 krut si vum Lëtzebuerger Staat den Optrag fir eng monumental Skulptur. Sou ass déi 2,50 Meter grouss La grande Isis am Travertin entstanen, déi 1980 virun der 'aler Sophie' opgestallt gouf[3].

1980 huet si sech mam Sculpteur Jean-Pierre Georg bestuet. Zesummen hu si en ale Bauerenhaff zu Fenneng restauréiert, wou si hir separat Atelieren haten a gelieft hunn.[3]

D'Konschtgalerie am Beetebuerger Schlass huet den Numm Galerie d'art Maggy Stein.

Wou si Wierker vun der Maggy Stein ze gesinn?[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Luxemburger Lexikon 2006, S. 408
  2. "Prométhée/Lilith", eine Monumentalplastik von Maggy Stein. (1985). Télécran, Télécran. - Luxembourg Jg. 7 (1985), Nr. 28, p. 28-29, ill.
  3. 3,0 3,1 3,2 Becker, N., 2015. Ons stad 108: S. 78-79.