Dennis Hastert

Vu Wikipedia
Dennis Hastert
Gebuer 2. Januar 1942
Aurora
Nationalitéit USA
Aktivitéit Politiker, Enseignant, Trainer, Geschäftspersoun
Partei Republikanesch Partei

Den John Dennis "Denny" Hastert, gebuer den 2. Januar 1942 zu Aurora am US-Bundesstaat Illinois, ass en US-amerikanesche Politiker mat Lëtzebuerger Originnen. Seng Virfahre sinn an der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert vun Uesweller op Aurora, Illinois ausgewandert.

Vun 1999 bis 2006 war den Hastert Speaker (d. h. President) vum Representantenhaus, an anere Wierder, der amerikanescher Deputéierte-Chamber.

Geriichtsaffairen[änneren | Quelltext änneren]

Den 28. Mee 2015 gouf den Dennis Hastert viru Geriicht wéinst dem Verstouss géint d'Bankegesetz a Beléie vum FBI ugeklot. Hien huet zouginn 1 Millioun Dollar vu sengem Bankkonto opgehuewen ze hunn, ouni dat, wéi d'Gesetz géint d'Geldwäschen et verlaangt, ze mellen.[1]

D'Enquête huet gewisen, datt den Dennis Hastert zënter 2010 vun engem vu senge fréiere Studenten erpresst gouf, dat wéinst engem joerzéngtenale 'sexuelle Feelverhalen' wärend senger Zäit als Ringer-Trainer. Am Ganze sollt hien 3,5 Milliounen Dollar fir d'Stëllhale bezuelen.[1] De Procureur huet em virgeworf, tëscht 1965 an 1981 fënnef Jongen tëscht 14 a 17 Joer sexuell mëssbraucht ze hunn. De 27. Abrëll 2016 huet den Hastert zouginn, sech "falsch beholl" ze hunn. Déi Dote ware mëttlerweil verjäert, ma hie gouf de selwechten Dag wéinst dem Verstouss géint d'Bankegesetz zu 39 Méint Prisong, dovun der 24 mat Surcis, verurteelt.[2],[3]

Zu Ueswëller war 2005 de Pompjeesbau no him benannt ginn.[4] 2011 gouf hien zum Éierebierger vun do ernannt. No senger Verurteelung gouf him dësen Titel duerch e Vote vum Rousperter Gemengerot nees oferkannt, an och d'Plack um Sprëtzenhaus gouf ewechgemaach.[5],[6]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Hastert, Denny; Speaker - Lessons from Forty Years of Coaching and Politics; Regnery Publishing, Inc.; 2004; ISBN 0-89526126-X
  • Hilgert, R., 2015. Aufstieg und Fall eines großen Urenkels der Heimat. Der drittwichtigste Mann Amerikas. d'Lëtzebuerger Land, Nr. 36 vum 4. September 2015, S. 6.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Dennis Hastert – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 R. Hilgert, 2015. Aufstieg und Fall eines großen Urenkels der Heimat. d'Lëtzebuerger Land Nr. 36 vum 4. September 2015, S. 6.
  2. "Ex-Chef des US-Repräsentantenhauses: Dennis Hastert zu 15 Monaten Haft verurteilt." spiegel.de, 27.04.2016 – 20:33.
  3. "Dennis Hastert Is Sentenced to 15 Months, and Apologizes for Sex Abuse." nytimes.com, 27.4.2016.
  4. "Den Dennis Hastert: ee lëtzebuerger Jong! Commentaire." rtl.lu, 23.09.2005, 08:28 - Fir d'lescht aktualiséiert: 26.11.2013, 10:29.
  5. "Dennis Hastert ass net méi Éierebierger vu Rouspert." rtl.lu, 13.05.2016, 06:16:01.
  6. Hatto, L., 2016. Aus dem Gemeinderat Rosport. Ratsmitglieder erkennen US-Politiker Dennis Hastert Ehrenbürgerschaft ab. Luxemburger Wort vum 13. Mee 2016, S. 29.
  7. Remise vum Gielchen op der Säit 28 vum Bulletin d'information et de Documentation vum Gouvernement juillet - août - septembre N°3/2004