Dollar

Vu Wikipedia
D'Dollar-Zeechen

Dollar ass den Numm vu verschiddene Wärungen, wouvun déi bekanntst den US-Dollar ass.

D'Wuert kënnt hier vum Daler, dee sengersäits eng Ofkierzung fir Joachimsthaler ass. Dëst war de Spëtznumm vum Guldengroschen, deen zu Joachimsthal, dem haitege Jáchymov, geklappt gouf.

Den Numm Dolaro oder Dolares ass fir d'éischt ënner dem Keeser Karel V. opgedaucht, eng spuenesch Form vum hollänneschen Daalder.

Offiziell Dolaros gouf et zanter 1575 a Potosi, dem haitege Bolivien. Well s'och an Nordamerika am Ëmlaf waren, gouf den Numm an de brittesche Kolonien e Begrëff.

Éischt Dollars gëtt et offiziell 1600, déi op Uerder vun der Kinningin Elisabeth I. geklappt, an iwwer déi brittesch East India Company verbreet goufen.

Den 2. Abrëll 1792 gouf duerch d'Amerikanescht Wärungsgesetz, dem coinage act de „spueneschen Dollar oder Peso“ mat engem Sëlwergewiicht vun 371,25 grains (ëmgerechent 24,056 g) d'Haaptwärungseenheet an den USA.

Zanterhier gouf den Numm och fir eng ganz Rëtsch aner Wärunge gebraucht.

Dollar-Wärungen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anton Zischka: Der Dollar - Glanz und Elend einer Wärung. München: Wirtschaftsverlag Langen-Müller/Herbig, 1986
  • Heinz Fengler und Autoren: Transpress Lexikon Numismatik. Berlin: Transpress Verlag für Verkehrswesen, 1988

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Dollar – Biller, Videoen oder Audiodateien