Ernst Huberty

Vu Wikipedia
Ernst Huberty
Gebuer 22. Februar 1927
Tréier
Gestuerwen 24. Abrëll 2023
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Televisiounsmoderateur

Den Ernst Huberty, gebuer den 22. Februar 1927 zu Tréier a gestuerwen de 24. Abrëll 2023[1], war e Sportjournalist a Moderator op der däitscher Televisioun.

Den Ernst Huberty ass 1932 mat senger Famill op Koblenz geplënnert, wou säi Papp, e Lëtzebuerger, eng Stréihäckslerfabréck hat.[2] Seng Mamm war eng Däitsch. Am Zweete Weltkrich war den Ernst Huberty Flakhelfer. Hien hat Philosophie, Germanistik an Theaterwëssenschafte studéiert. No engem Volontariat (Stage) bei der Koblenzer Zeitung huet hie vun 1950 un als Sportreporter geschafft. Vum 4. Juni 1961 bis 1982 huet hien d'ARD Sportschau moderéiert; dohier kënnt och säi Spëtznumnm Mister Sportschau.

Den Ernst Huberty huet an där Zäit vill grouss Sportevenementer als Live-Reporter kommentéiert; am bekanntsten ass säi Live-Reportage vum sougenannte Joerhonnertspill Däitschland - Italien de 17. Juni 1970 zu Mexiko-Stad. Hie war WDR-Sportchef an ass den Erfinder vum Tor des Monats. Wéinst enger Affär ëm d'Verrechne vun Depensë gouf hien 1982 an den drëtte WDR-Programm versat.

No 34 Joer beim WDR ass hie bei e Privatsender gaangen a huet bis 2012 als Coach fir Moderatore geschafft.

Hie war bestuet an hat eng Duechter.

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. (de)"Mr. Sportschau" Ernst Huberty gestorben. www1.wdr.de (2023-04-24). Gekuckt de(n) 2023-04-24.
  2. Quell, wou net anescht uginn: 'Mister Sportschau' Ernst Huberty wird 90: Der Luxemburger, der den Sport in die Wohnzimmer brachte. wort.lu, 21. Februar 2017 um 18:00.
    München, Sarah: Luxemburg im Herzen, Fußball im Kopf. 'Mister Sportschau' Ernst Huberty wird 90 und erinnert sich an Fußballspiele und Kirchgänge in Luxemburg. Luxemburger Wort 2017-02-22, S. 46.
  3. Ernst Huberty Mit den Filmrollen auf dem Motorrad