Jean Noerdinger

Vu Wikipedia
Jean Noerdinger
Gebuer 3. Januar 1895
Nojem
Gestuerwen 13. Oktober 1963
Nationalitéit Lëtzebuerg, USA
Aktivitéit Moler

De Jean Noerdinger, och nach Johann Noerdinger[1], gebuer den 3. Januar 1895 zu Nojem bei Réiden op der Atert, a gestuerwen den 13. Oktober 1963 zu River Forest am Illinois, war e lëtzebuergesche Moler a Sculpteur[2].

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

No der Handwierkerschoul um Lampertsbierg huet de Jean Noerdinger op follgenden Héichschoule studéiert: École des arts décoratifs[3] zu Stroossbuerg, Akademie der Bildenden Künste[1] zu München, a Kunstakademie Weimar[4].

Zu Lëtzebuerg huet hien eng Grupp vun 'Dissidenten' organiséiert, déi mam Cercle artistique de Luxembourg gebrach haten, dem deemolegen Arbitter a Saache Konscht zu Lëtzebuerg, an huet d'modern Konscht am Land agefouert.

1925 ass hien op Chicago (USA) ausgewandert, wou hie säin Numm op John Noerdinger geännert an déi amerikanesch Nationalitéit ugeholl huet. Hien huet Portraite gemoolt a geleeëntlech an der Publicitéitsbranche geschafft. 1933-1934 huet hie bei der Ausstellung Century of Progress matgemaach.

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Verschidde Wierker (Landschaften a Portraiten) hänken am Nationalmusée fir Geschicht a Konscht an der Stad Lëtzebuerg an am Musée vun der Stad Esch.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anonym, 1974. Salon 1974. Rétrospective et art contemporain / Cercle artistique de Luxembourg. Luxembourg: impr. St-Paul, 40 p. [Notices biographiques sur 39 membres défunts du Cercle artistique]
  • Herr, Lambert, 1992. Anthologie des arts au Luxembourg. Éditions Borschette, Christnach. Imprimerie Linden. 464 p.
  • Nehrenhausen, Jeannot, 1995. Jean Noerdinger, artiste-peintre natif de Nagem: 1895 - 1995. De Kropemann: Informatiounsblat vun der Gemeng Réiden op der Atert. Redingen-an-der-Attert. N° spécial (déc. 1995), pp. 1–63.

Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Ënner dem Numm Johann Noerdinger ass en zu München den 29. Oktober 1918 ageschriwwe ginn, cf. Matrikelbuch 1884-1920 vun der Akademie der Bildenden Künste München, Matrikel-Nr. 05661.
  2. Cf.D'Bas-Relieffer vun de Sculpteuren John Sand an John Noerdinger zu Chicago, Illinois
  3. Haut: École supérieure des arts décoratifs de Strasbourg.
  4. Haut: Bauhaus-Universität Weimar.