Jean Ensch

Vu Wikipedia
Jean Ensch
Gebuer 23. Mee 1953
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker, Genealog
Member vun Luxembourg American Cultural Society, Section de linguistique, d'ethnologie et d'onomastique vum Institut grand-ducal

De Jean Ensch, gebuer den 23. Mee 1953, ass e lëtzebuergeschen Historiker a Genealogie-Fuerscher.

Hien huet seng berufflech Carrière bis 2014 am Bierger-Center vun der Stad Lëtzebuerg gemaach.[1]

Seng Fuerschungstheeme si virun allem d'Lëtzebuerger Auswanderung an d'USA, an déi domat verbonne genealogesch Fuerschungen.

De Jean Ensch war Grënnungs- a Comitésmember (an 10 Joer Vizepresident) vun der Association Luxembourgeoise de Généalogie et d'Héraldique; ass Comitésmember vun der Luxembourg American Cultural Society am Wisconsin, un där hirer permanenter Ausstellung Roots and Leaves hie matgeschafft huet. Hien ass och Comitésmemeber vun der Section de linguistique, d'ethnologie et d'onomastique vum Institut grand-ducal, an zanter 2011 hire President.

Hien huet eng ganz Rëtsch Publikatiounen zum Theema Auswanderung gemaach, a war ë. a. Mat-Auteur vun der Neieditioun vum Nicholas Gonner sengem Die Luxemburger in der Neuen Welt, woufir en de Persounen- an Uertschaftsregëster vum Gonner senger Zeitung Luxemburger Gazette (1872-1918) ausgeschafft hat.

Ausserdeem huet hien am Kader vum Kulturhaaptstadsjoer 2007 eng Ausstellung zum Theema Luxembourg-USA. A Story of Migration op Ellis Island, bei New York, matorganiséiert.

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Jean Frantz Seimetz – A Luxembourg Painter in the New World. 2015
  • Bartringer Amerka-Auswanderung. 2014
  • Amerikaauswanderung aus den Ortschaften Canach und Lenningen. 2005
  • Paul C. Lauterbur, un prix Nobel aux origines luxembourgeoises. 2003
  • Die Bevölkerung des Stadtgrunds in der Zählung von 1852. 2002
  • Les courants migratoires de la ville de Luxembourg vers Paris et la France. 2001
  • Strassener Auswanderung nach Amerika. 2001
  • L'émigration à travers les actes notariés. 2000
  • Bréifer vun dobaussen. 1998
  • Sources imprimées relatives à des groupes socio-professionnels du Luxembourg. 1996
  • Tod in Paris ... 1996
  • La population de Wiltz en 1864. 1994
  • Beforter in Amerika. 1993
  • Amerika-Auswanderung aus der ehemaligen Gemeinde Hamm. 1993
  • Zur Demographie der Festungsstadt Luxemburg im 19. Jahrhundert. 1993
  • Gedruckte Quellen und Schrifttum zur Erforschung bestimmter Bevölkerungs- und Berufsgruppen in Luxemburg. 1992
  • Jean Greiveldinger in der Neuen Welt. 1989
  • Le nom de famille luxembourgeois Bourg, avec une généalogie ascendante du professeur Tony Bourg. 1987
  • Les vitraux de Saint-Michel raconten. 1986
  • D'Lëtzebuerger Auswanderung an Amerika. 1986
  • (als Mat-Editeur): Gonner, Nicolas: Die Luxemburger in der Neuen Welt. 2 Bänn, 1985-1986
  • (mam Jean-Claude Muller): Luxemburger Auswanderergräber in Amerika. 1983, 1985


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: Fiche Jean Ensch op luxracines.lu; nogekuckt: 2023-01-03.