Nicolas Gonner

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Editeur an Historiker Nicolas Gonner. Fir de Rëmelenger Minenhär, kuckt wgl. Nicolas Gonner-Nau.
Nicolas Gonner
Gebuer 8. Januar 1835
Pafendall
Gestuerwen 20. Dezember 1892
Dubuque
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker
Den Nicolas Gonner um Reprint vu "Prairieblummen - eng sammlonk fu lidder a gedichter an onserer létzebûrgerdeitscher sprôch"

Den Thomas Nicolas Gonner, gebuer den 8. Januar 1835 zu Lëtzebuerg am Pafendall a gestuerwen den 20. Dezember 1892 zu Dubuque, Iowa, USA, war e lëtzebuergeschen Historiker, Schrëftsteller, Editeur an Ingenieur.

Den Nicolas Gonner huet zu Lëtzebuerg am Ufank am Kanton Réimech als sougenannte Kantonalpiqueur[1] geschafft. 1861 huet hie sech mat dem Buergermeeschter vu Palzem senger Duechter bestuet, an 1866 ass d'Koppel mat hiren dräi Kanner vu Lëtzebuerg ausgewandert an huet sech an Amerika zu Dubuque, Iowa néiergeloss. Do huet hie vun 1871 un d'Luxemburger Gazette / Für Wahrheit und Recht im Dienste der hl. Kirche erausginn. An där Zeitung huet hien eege literaresch Wierker, an déi vu Frënn publizéiert. D'Zeitung ass bis 1918 erauskomm.

Nom Doud vum Nicolas Gonner, 1892, hat säi Jong d'Editioun vun der Gazette virugefouert. Den Nicolas Gonner ass och bekannt duerch seng historesch Recherchen.

Fir un hien z'erënneren huet déi Lëtzebuerger Post 1992 en Timber mat sengem Portrait erausginn, an um Kierchbierg gouf eng Strooss no him benannt. 49° 38’ 05.91’’ N 06° 10’ 00.34’’ O

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1863, Broschür fir de Réimecher Gemengerot, Die Moselbrücke zu Remich.
  • 1874, Neioplo 1876. Das Luxemburger Land. Seine Geschichte, seine Bewohner, sein Handel und sein Wandel. Ein populärer Abriss des Wissenswerten über das Grossherzogtum Luxemburg.
  • 1879. Onserer Lidder a Gedichter an onser lëtzebuergesch-deitscher Sprooch.
  • 1889. Die Luxemburger in der Neuen Welt. Dubuque, Iowa: Drock vun der 'Luxemburger Gazette', xix-489 S. [S. 327-458: biographesch Notizen iwwer eminent lëtzebuergesch Emigranten no Amerika). [Dëst fundamentaalt Wierk ass vum Jean Ensch, Carlo Hury a Jean-Claude Muller an de Joren 1985-1987 an zwee Bänn nei opgeluecht ginn. Gouf duerno an enger englescher Versioun ënner dem Titel: Luxembourgers in the New World nei verëffentlecht, Éditions-Reliures Schortgen, 1986-1987.]
  • Gonner, Nicolas (Ed.), 2008. Prairieblummen: eng sammlonk fu lidder a gedichter an onserer létzebûrgerdeitscher sprôch, Virgestallt a kommentéiert vum Sandra Schmit. 292 p. Lëtzebuerger Bibliothéik Nr. 15. Centre national de littérature, Mersch, Faber. ISBN 978-2-919903-10-8. Enthält Gedichter vun den dräi Amerika-Auswanderer Nikolaus Becker, Johann-Baptist Nau an Nicolas Gonner. D'Originaleditioun ass 1883 zu Dubuque, Iowa (USA) erauskomm.
  • 2002. Een Dram

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Krier, Guy, 1982. Markante Persönlichkeiten aus Pfaffenthal. In: 125 Joer Sang a Klang Pafendall. Dréckerei Print-Service, Lëtzebuerg, 280 S. (Cf. S. 61).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Kantonalpiquer war déizäit d'Bezeechnung fir de Responsabele fir d'Gemengeweeër an engem Kanton. Déi Funktioun war 1844 mam Gesetz iwwer d'Gemengeweeër Loi du 12 juillet 1844 sur les chemins vicinaux. agefouert ginn. 1874 gouf se nees ofgeschaaft.