Lëtzebuerger Bibliothéik

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

An der Serie Lëtzebuerger Bibliothéik (fr.: Nouvelle bibliothèque du Luxembourg) gëtt den nationale Literaturzentrum Wierker vu bekannte lëtzebuergesch Auteuren aus dem 19. an dem 20. Joerhonnert eraus mat dem Zil, datt dës Texter fir de Lieser um Bichermaart ze fanne sinn.

Titelen aus der Serie Lëtzebuerger Bibliothéik[änneren | Quelltext änneren]

De Band Nr. 15, dem Nicolas Gonner seng "Prairieblummen - eng sammlonk fu lidder a gedichter an onserer létzebûrgerdeitscher sprôch"
  1. Michel RodangeD'Léierchen
    D'Léierchen ass ee vun de schéinste poeteschen Texter vum Michel Rodange (1827-1876) a féiert eis an d'Welt vum Lëtzebuerger Bauer an der Zäit ëm 1860-1870. Kommentéiert an analyséiert vum Alain Atten. 207 S.
  2. Félix ThyesMarc Bruno, Profil d'artiste
    De Félix Thyes (1830-1855) ass jonk gestuerwen, ma watfir e literarescht Talent hie war, beweist dëse Roman, deen de Frank Wilhelm op eng exemplaresch Manéier a senger Zäit duerstellt. 317 S.
  3. Nik WelterLene Frank
    D'Theaterstéck vum Nik Welter (1871-1951) féiert zréck un den Ufank vum Joerhonnert a beschreift d'Problemer vun enger jonker emanzipéierter Fra an der Lëtzebuerger Gesellschaft vun deemools. De Kommentaire vum Germaine Goetzinger mécht däitlech, datt de Welter e modernen, engagéierte Schrëftsteller war, deen derwäert ass, net vergiess ze ginn. 194 S.
  4. DicksMumm Séis - Mutter Suse
    D'Mumm Séis ass mat Sécherheet dat populäerst vum Dicks, alias Edmond de la Fontaine (1823-1891), senge ville Stécker. Datt et heivun och eng däitschsproocheg Versioun gëtt, ass vu besonneschem Interessi. Den Alain Atten stellt den Auteur a säi Wierk an den historesche Kontext a gëtt en Iwwerbléck iwwer de Geescht vun der Zäit, grad wéi vum Theater, dee sech déi Zäit bei eis entwéckelt huet. 200 S.
  5. Paul PalgenChoix de poèmes
    De Paul Palgen (1883-1966) ass ee vun eise beschten Amateuren a franséischer Sprooch. Dat beweist de Nic Klecker, deen eis de Palgen als ee vun de rare Lëtzebuerger Lyriker virstellt, déi "bleiwen". 221 S.
  6. Nikolaus HeinDer Verräter
    De Verräter ass dem Nik Hein (1889-1969) säi Meeschterstéck. De Jos Groben presentéiert eis en op en Neits a profitéiert vun der Geleeënheet, fir och ze beweisen, datt dëst Wierk och haut nach aktuell ass. D'Geschicht vum Matthäus Conter, dee seng Heemecht net verrode wollt a konnt, ier déi Heemecht en egestännege Staat war, ass och duerch déi reusséiert Verfilmung "De falschen Hond" bekannt. 332 S.
  7. Isi Comes7 Erzielongen
    De 7. Band ass dem Iechternacher Professer Isi Comes (1875-1960) vun Éinen gewidmet. Fir d'éischt gi seng Prosastécker virgestallt, dorënner sou bekannt Erzielunge wéi Den neie Postmeeschter a Lex talionis, eng tragesch Geschicht aus dem 18. Joerhonnert zu Iechternach. 335 S.
  8. Alexander WeickerFetzen / Aus der abenteuerlichen Chronika eines Überflüssigen
    Dem Alexander Weickers (1893-1983) säi Roman Fetzen, virgestallt a kommentéiert vum Gast Mannes. 477 S.
  9. Batty WeberFenn Kass
    Band 9 der "Lëtzebuerger Bibliothéik" enthält die Neuausgabe von Batty Webers (1860-1940) Werk Fenn Kaß. Dem Batty Webers (1860-1940) säi Roman iwwer en Erléiste gëtt virgestallt a kommentéiert vum Josiane Weber. 474 S.
  10. Joseph FunckKleines Schicksal
    Kleines Schicksal erzielt eng Geschicht aus der Welt vun de Lompekréimer an de Virstied vun der Stad Lëtzebuerg an deenen hir konflikträich Begéignunge mat der guttbiergerlecher Gesellschaft vun der Uewerstad. Kommentéiert vum Pierre Marson. 271 S.
  11. Pol MichelsChoix de textes 1917-1922
    De Pol Michels staamt aus enger guttbiergerlecher Famill, mä hie gëtt schonn als Primaner e bekennenden Unhänger vu lénkser Politik. Virgestallt a kommentéiert vum Gast Mannes. 304 S.
  12. Antoine MeyerE Schréck op de Lëtzebuerger Parnassus / Jong vum Schréck op de Lëtzebuerger Parnassus
    Mat sengen zwéi Gedichtbänn, déi 1829 respektiv 1832 erauskomm sinn, an déi an dësem Band souwuel an engem reprografeschen Nodrock wéi och an der haiteger Schreifweis reproduzéiert sinn, huet den Antoine Meyer (1801-1857) Neiland betrueden. Et sinn déi zwee éischt Bicher, déi a lëtzebuergescher Sprooch gedréckt gi sinn. Mat sengen zéng ganz ënnerschiddleche Gedichter wollt hie weisen, datt d'Lëtzebuergescht net sou aarm an ongehuwwelt ass, wéi vill vu senge Landsleit behaapt hunn. Kommentéiert vum Roger Muller. 244 S.
  13. Frantz ClementZickzack
    Dat Liesbuch Zickzack ass eng Auswiel vun Essaien, Opsätz, Glossen, déi de Feuilletonist Frantz Clément (1882-1942) 1938 am Tony Jungblut sengem Verlag 'Luxemburger Nachrichtenbüro' erausginn huet. Kommentéiert vum Robert Thill. 336 S.
  14. Jean-Pierre ErpeldingAnna / Ein Roman
    Am Abrëll 1918 ass am Verlag vum Paul Schroell zu Dikrech de Roman Anna vum Jean-Pierre Erpelding erauskomm, deen d'Auswierkunge vum Éischte Weltkrich op den Alldag zu Lëtzebuerg beschreift. Virgestallt a kommentéiert vum Mario Fioretti.
  15. Nicolas Gonner (Hrsg.) – Prairieblummen / eng sammlonk fu lidder a gedichter an onserer létzebûrgerdeitscher sprôch
    1883 publizéiert den Zeitungsredakteur Nicolas Gonner (1835-1892) zu Dubuque am US-amerikanesche Staat Iowa e Band mat 62 Gedichter op Lëtzebuergesch. Virgestallt a kommentéiert vun der Sandra Schmit. 292 S.
  16. Marie-Louise Tidick-UlvelingIm Zeichen der Flamme
    1961 publizéiert d'Marie-Louise Tidick-Ulveling hiren éischte Roman deen am fréien 17. Joerhonnert spillt, um Héichpunkt vun den Hexeverfollegungen. Virgestallt a kommentéiert vun der Sandra Schmit. 292 S. ISBN 978-2-919903-18-4

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]