Nikolaus Hein

Vu Wikipedia
Nikolaus Hein
Gebuer 17. Juni 1889
Éinen
Gestuerwen 7. Oktober 1969
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller
D'Monument fir den Nicolas Hein zu Éinen

Den Nicolas Hein[1], och Nikolaus, Nic oder Nik, gebuer de 17. Juni 1889 zu Éinen a gestuerwen de 7. Oktober 1969 zu Eech, war e lëtzebuergesche Professer fir Däitsch, Griichesch a Geschicht an Auteur. Säint am beschte bekannt Wierk ass de Roman Der Verräter, deen 1989 ënner dem Titel De falschen Hond verfilmt gouf.

Liewen a Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Hie staamt aus enger Wënzerfamill vun Éinen, wou en och seng Kandheet verbruecht huet. No sengem Secondaire vun 1901 bis 1908 um Stater Kolléisch huet e bis 1909 d'Cours supérieurs gemaach, duerno huet e vun 1909 bis 1912 Germanistik, Geschicht a klassesch Philologie op der Universitéit vu München studéiert. Zwëschenduerch war e fir d'akadeemescht Joer 1910/11 och op der Paräisser Sorbonne an um Institut catholique de Paris ageschriwwen.

Vun 1913 un huet e seng éischt Gedichter verëffentlecht, haaptsächlech an de Publikatioune vum kathouleschen Akademikerverband, deen en 1910 zu Iechternach matgegrënnt hat. No Ofschloss vu sengem Studium huet en ufangs Schoul zu Iechternach gehalen, vun 1915 un dann op der Industrieschoul an der Stad. Parallel dozou war en 1914-15 och um nei gegrënnte Meedercheslycée täteg.

Nodeem en zum Professer um Stater Kolléisch ernannt gouf huet e sech am August 1915 mat der Marie Rosalie Becker vun Éinen bestuet, der Duechter vum Wënzer Jean Becker, dee vun 1912 bis 1917 och Buergermeeschter vun der Gemeng Wuermer war.

Bei engem Optrëtt um Grand Concert Patriotique den 12. Mäerz 1916 a Presenz vun der Groussherzogin Marie-Adelheid hat e groussen Erfolleg mat sengem vum Fernand Mertens vertounte Gedicht In fluctibus, an deem en d'Groussherzogin reegelrecht hymnesch besong huet. Dësen Erfolleg huet e wuel encouragéiert fir seng lyresch Gedichter 1917 an engem Sammelband mam Titel Lichter und Funken erauszeginn. E krut awer wéineg Opmierksamkeet fir dëst Wierk a war dowéinst esou blesséiert datt e wärend laange Jore mat engem lyresche Réckzuch reagéiert huet.[2]

1918 gouf e Schrëftleeder an Iwwersetzer vum Chambersrapport, an enger Zesummenaarbecht mam Batty Weber, an ass dat bliwwe bis 1965. Vun 1924 bis 1949 huet e Literatur un de Cours supérieurs geléiert a vun 1932 bis 1939 huet en dem deemolegen Ierfgroussherzog Jean Privatstonne ginn.

Dem Nicolas Hein seng wëssenschaftlech Dissertatioun Das Kunsterlebnis Goethes und Taines in Italien huet hien als Goethefuerscher predestinéiert an 1925 huet e säi Wierk 1792, Goethe in Luxemburg verëffentlecht. A senge pilologeschen Aarbechten huet en déi grouss politesch a kulturell Bedeitung vum Goethe ëmmer betount. Aus Ulass vun de Gedenkfeierlechkeeten zum 100. Doudesdag vum Goethe ass en 1932 zesumme mam Nikolaus Welter op Weimar gereest, wou en och zwéi Fest-Virträg fir de Südwestdeutschen Rundfunk gehalen huet.

Seng Dichtunge ronderëm déi heemesch, naturidyllesch Musellandschafte si gepräägt vun impressionistescher an antimodernistescher Nationalidentitéit wéi och vu Respekt virun der Natur an där hirer Bedreeung duerch d'Zivilisatioun. E gouf och vum Wënzerberuff vu senge Virfahre gepräägt. Als Ausdrock vu senger déiwer Verbonnenheet mat der Musel an de Wënzer a Fëscher huet en dës traditionell Handwierker wärend sengem ganze Liewen och selwer ausgefouert a se dichteresch verkläert, wat eng eenzegaarteg schëpferesch Leeschtung ass am Beräich vun der Lëtzebuerger Literatur.

Aus Ulass vu béide Weltkricher huet hie sech mat der nationaler Eegestännegkeet a Politik a Kultur beschäftegt. Hien huet d'lëtzebuergesch Natioun als Vermëttlerin tëscht Däitschland a Frankräich begraff, woubäi e Lëtzebuerg éischter als eng politesch an historesch gewuesse Noutcommunautéit ouni eege Kulturleeschtung gesinn huet. Dofir huet en dem Däitschen als Schrëftsprooch d'Virrecht virum Lëtzebuergesche ginn. Hie war Éieremember vun der GEDELIT, déi 1934 gegrënnt gouf. Eréischt no 1945 huet e wéi an der Erzielung De Bannen Theis eng op der Sprooch baséiert national Identitéit konstruéiert an huet de Michel Lentz a Michel Rodange als Nationaldichter gefeiert. Seng lëtzebuergesch Gedichter huet en an den Zäitschrëften D'Natioun an D'Hémecht-La Patrie verëffentlecht.

Mat sengem Wierk Der Verräter huet hie Bilanz gezu vun de revolutionären Ëmbréch zu Lëtzebuerg tëscht 1831 an 1839. Hie probéiert doran, d'Gebuert vu Lëtzebuerg a senge politeschen a soziale Prozesser um Beispill vun engem Eenzelschicksal an engem klengen Duerf opzeweisen. Dës Erzielung gouf 1947 mat dem lëtzebuergesche Prix de littérature ausgezeechent an 1989 vum Marc Olinger ënner dem Titel De falschen Hond verfilmt.

1949 huet en aus gesondheetleche Grënn seng Demissioun als Professer ginn. Säi Liewe laang hat e mat Ufäll vu staarker Migrän, déi sech mam Alter nach verschlëmmert hunn, ze kämpfen.

An den 1950er Jore war e bei villen internationale Schrëftstellerkongresser dobäi. Virum Hannergrond vu senger klassizistescher Ästheetikvirstellung huet en déi realistesch a politesch Literatur vum deemolege literareschen Diskussiounskrees Gruppe 47 verurteelt. Hien huet sech méi dem Jakob Kneip, Stefan Andres, Hermann Kasack oder dem Paul Noesen, Nicolas Margue a Max Goergen verflicht gefillt.

D'Kanaliséierung vu senger geléifter Musel Ufank den 1960er Joren huet den héichsensibelen Hein a senge leschte Liewensjoren an eng déif Verzweiwlung gestierzt well en d'Auswierkunge vum moderne Fortschrëtt op déi joerDausendenal Kulturlandschaft virausgesinn huet. Hien ass am Hierscht 1969 no engem dräideejegen Openthalt am Spidol gestuerwen an zu Éinen begruewen.

Zu Éinen steet e Monument zu sengen Éieren op der Kräizung vun der N10 (Wäistrooss) mam CR134 (Neie Wee). De Wengert vum Nicolas Hein um Flouer "Am Aker/Wousselt" gouf den 8. Abrëll 2016 ënner Denkmalschutz gesat.

Der Brunnen[änneren | Quelltext änneren]

Den Nicolas Hein huet vun 1925 un dat däitscht Schoulbuch "Deutsches Lesebuch für höhere Schulen" erausginn, dat vun 1955 un ënner dem Titel "Der Brunnen" publizéiert gouf an ë. a. vu sengem Eedem Joseph Groben iwwerschafft an ongeféier bis d'Joer 2000 weidergefouert gouf.

Säi Wierk[änneren | Quelltext änneren]

  • Lichter und Funken, 1917, Gedichter
  • 1792, Goethe in Luxemburg: eine philologische und geschichtliche Studie, 1925 Verlag V. Bück, 240 S.
  • Unterwegs. Gesammelte Prosa, 1939, Verlag "Der Freundeskreis", Lëtzebuerg
  • Der Verräter, 1948, Hofdruckerei P. Linden, Lëtzebuerg
  • Das Nikolausbuch. Nikolausgeschichten aus aller Welt, gesammelt von N. Hein, 1961, St.-Paulus-Druckerei, Lëtzebuerg
  • Gertrud. Ein Moselroman, 1999, posthum erausgi vum Joseph Groben an illustréiert vum Nico Klopp

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Nom Nicolas Hein benannt[änneren | Quelltext änneren]

  • eng Strooss rue Nicolas Hein zu Éinen (PLZ 5417)
  • eng Strooss rue Nicolas Hein an der Stad Lëtzebuerg (PLZ 1721)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Virnumm am Gebuertsregëster
  2. Jeff Baden: Eine längst überfällige Hein-Monografie: „Wo die Mosel ist, da bin ich immer zu Hause“ - Ausgewählte Texte von Nikolaus Hein, herausgegeben und kommentiert von Joseph Groben an Die Warte vum 24. November 2016
  3. Odre de la Couronne de chêne Auszeechnungen 1958 Memorial A N° 12 vun 1958 Gearchiveerd op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2013-01-06.