Op den Inhalt sprangen

Gast Rollinger

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Gaston Rollinger)
Gast Rollinger
Gebuer 26. Juni 1946
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 25. Oktober 2024
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Filmregisseur, Lycéesprofesser, Schrëftsteller

De Gaston ("Gast") Rollinger, gebuer de 26. Juni 1946 zu Esch-Uelzecht, a gestuerwen de 25. Oktober 2024[1][2], war e lëtzebuergesche Lycéesprofesser, Filmregisseur a Schrëftsteller.

Liewen a Karriär

[änneren | Quelltext änneren]

De Gast Rollinger war Professer fir Englesch an Däitsch am Escher Jongelycée.

Vun 1982 bis 1994 war hie Kameramann a Regisseur bei RTL.

Hien huet säi Liewe laang an der Hiel (Quartier Grenz) zu Esch gewunnt. Seng Gedichter a Kuerzfilmer hunn dann och dacks dëse Mikrokosmos, tëscht de Minettsgrouwen, dem Ellergronn an der fréierer Brasseurs-/Terre-Rouge-Schmelz, seng Natur a seng Mënschen, als Sujet.[3]

Säi Liewensmotto war en Zweezeiler aus dem Gedicht Melancholie vum Gottfried Benn: "Du musst alles aus deiner Gegend mitnehmen, denn auch von Reisen kommst du leer zurück".[4]

Tëlee-Filmer

[änneren | Quelltext änneren]

Kuerzfilmer (Auswiel)

[änneren | Quelltext änneren]

Seng bis ewell net-publizéiert Filmer - iwwer dausend Filmspullen a Kassetten - huet hien dem CNA iwwerdroen.[4]

De Gast Rollinger huet och Gedichter geschriwwen. 23 dovu goufe vum Fränz Hausemer vertount an 2024 um Album Däischter Deeg publizéiert.[3]

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 29. Oktober 2024, S. 29
  2. RIP, Gast Rollinger ass am Alter vun 78 Joer gestuerwen. rtl.lu (27.10.2024). Gekuckt de 27.10.24.
  3. 1 2 Däitschter Deeg op literaturarchiv.lu.
  4. 1 2 Marc Thill (2024) an der Literatur.