Gaalgebierg (Esch-Uelzecht)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Hiwwel zu Esch-Uelzecht. Fir aner Plaze mam selwechten Numm, kuckt wgl. Gaalgebierg.
Gaalgebierg
Lokalisatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Esch-Uelzecht
Plaz Esch-Uelzecht
Koordinaten 49°29'5,10"N, 5°59'8,23"O
Struktur Zeiebierg
Fläch 63 ha
Héicht 400,9 m
Basisschicht Ënneschten Dogger (dou)
Deckschicht(en) Glimmermergel (dom1)
Ëttenger Kallek (dom2)
Haut-Pont-Kallek (dom3)

De Gaalgebierg ass en Zeiebierg zu Esch-Uelzecht, op deem ënner anerem en Deel vum Stadpark, e Bësch, e Camping, an den Escher Déierepark leien.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

E läit am Süde vun Esch, wou en un den Uelzechtdall stéisst. Fir de Rescht trennt eng 30 bis 60 Meter déif Sank de Bierg vun den Héichte vun der Minettscuesta un déi en am Osten (Ostbierg, Leisebierg), Süden (Holzebierg, Heenzebierg) a Westen (Kazebierg) stéisst.

Déi héchst Plaz ass um Camping mat enger Héicht vu 400,9 Meter.

Accès[änneren | Quelltext änneren]

Vun der Escher Gare aus ass de Gaalgebierg fir Foussgänger iwwer d'Passerell nieft der Escher Gare z'erreechen. Deelweis ass de Gaalgebierg och mam Auto zougänglech. D'Escher Gemeng bedreift och eng Bus-Navette, de Gaalgebus fir bis zu 8 Passagéier, mat deem ee vun der Bus-Gare aus all hallef Stonn bis uewen op de Gaalgebierg an zeréck fuere kann[1].

Numm[änneren | Quelltext änneren]

Am 17. Joerhonnert hat den Här vun Esch d'Recht, d'Awunner auszebaatschen, hire Kapp ofschloen ze loossen oder si erhänken ze loossen. 1676, wéi Lëtzebuerg en Deel vun de Spuenesche Nidderlanden ënner dem Kinnek Carlos II. vu Spuenien war, gouf den éischte Gaalgen um haitege Gaalgebierg gebaut. Am selwechte Joer gouf den éischten Escher Bierger vum Geriicht zum Doud verurteelt, gekäppt a mat de Féiss um Gaalgen opgehaangen.[2]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Gaalgebus op der Websäit vun der Gemeng Esch.
  2. Informatioun iwwer de Gaalgebierg op visitluxembourg.com