Escher Déierepark
|
| |
| Lokalisatioun | |
|---|---|
| Land | Lëtzebuerg |
| Gemeng | Esch-Uelzecht |
| Plaz | Gaalgebierg |
| Koordinaten | 49°28'57,8"N, 5°59'5,8"O |
| Fläch | 2 ha |
|
| |
Den Escher Déierepark ass en Zoo um Gaalgebierg zu Esch-Uelzecht.
Beschreiwung a Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]En existéiert zënter 1962 an huet eng Fläch vun 2 Hektar.[1],[2] D'Entrée ass gratis.
2023 waren do ronn 25 Déierenaarten ze gesinn, dorënner Réi, Geessen a Geessebéck, Huesen, Gänsen, Pohunnen a Wäschbieren. D'Visiteure kënnen den Déiere speziellt Fudder ginn, dat an engem Fudderautomat disponibel ass.
Zum Escher Déierepark zielen och e pedagogesche Bauerenhaff, de "Bamhauscafé" an d'"Escher Bamhaiser", déi ee fir eng Nuecht oder e Weekend loune kann.
Fir de Café a fir d'Bamhaiser mat den Zëmmeren, an deene Plaz fir véier bis sechs Leit ass, huet d'Stad Esch ronn 1,5 Milliounen Euro investéiert. Si goufen 2018 ageweit.[3] Bei de Luxembourg Tourism Awards vum Tourismusministère goufen d'Escher Bamhaiser an der Kategorie "Gîte, Bed&Breakfast, Auberge de jeunesse" an den Escher Déierepark an der Kategorie "Service touristique" ausgezeechent.[4]
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
Eng Kou
-
Gänsen
-
Eng Kanéngchen
-
Eent vun de Bamhaiser am Bau (2017)
-
De Bauerenhaff am Déierepark
-
Eng "Bréck", déi iwwer en Deel vum Park féiert
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Escher Déierepark – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- deierepark.esch.lu, d'Websäit vum Déierepark.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ De Park op petitfute.com
- ↑ jeanette.lu: Escher Déierepark : une sortie estivale gratuite pour toute la famille! (15. Juli 2021)
- ↑ paperjam.lu: Une nuit dans les arbres, entre biches et chèvres vun der Mathilde Obert (31. August 2020)
- ↑ meco.gouvernement.lu: Lex Delles a remis les "Luxembourg Tourism Awards" (15. Oktober 2021)
