Grenz (Esch-Uelzecht)

Vu Wikipedia
Grenz
Verwaltung
Gemeng Esch-Uelzecht
Geographie
Transport


D'Grenz ass e Quartier vun Esch-Uelzecht, am Südweste vun der Gemeng.

Wéi den Numm et seet, ass et dee Quartier dee bis bei d'Grenz mat Frankräich (Gemeng Däitsch-Oth) geet. D'Haaptstrooss vum Quartier ass d'Rue d'Audun (d'Other Strooss), iwwer déi zum Deel d'Nationalstrooss 4 geet. No Süden hin gehéieren d'Haiser an der Hiel derzou, mat der Rue Jean-Pierre Bausch (fréier einfach Rue Hiel genannt), an dolaanscht der fréierer Kolonie vun Aarbechterhaiser vun der Brasseurs Schmelz. Um Terrain vun dëser Schmelz (déi spéider Arbed Terres Rouges housch an déi an den 1970er Joren zougemaach gouf) ass en neien urbanistesche Projet, Rout Lëns genannt, am Gaang z'entstoen.[1]

D'Grenz ass bekannt dofir, well do absëns an den 1960er Joren eng ganz Rëtsch Dancinge waren, wéi Hein, Astoria, Viola, Rossi, Bernardo, an duerno an den 1970er Joren en ettlech Diskothéiken wovun déi bekanntst de Standing war. Och bis haut fënnt een do ë. a. Nightclubs a Baren.[2]

D'Escher Grenz ass och d'Heemecht vum bekannte Foussballclub Jeunesse Esch, deen do säi Stadion huet.

Gebaier[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Emil Colling: Den Dokter vun der Grenz - E Stéck Escher Chronik vum Emil Colling 1899-1981. Luxembourg, 1999.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  1. routlens.lu.
  2. France Clarinval: "C'était au temps où la rue d'Audun dansait." In: Land 25.08.2023, Nr.34, S.9.