Fréiert Direktiounsgebai Arbed Mines
Ausgesinn
|
| |
| Geographesch Donnéeën | |
|---|---|
| Koordinaten |
49° 29’ 22.08’’ N 05° 58’ 31.33’’ O |
| Donnéeë vum Gebai | |
| Architekt(en) | Paul Tafel |
|
| |
Dat Fréiert Direktiounsgebai vun Arbed Mines an der Avenue des Terres-Rouges ass e Gebai zu Esch-Uelzecht am Quartier Grenz.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Gebai gouf 1912 opgeriicht fir d'Verwaltung an d'Direktioun vun der Gelsenkirchener Bergwerks-A.G. (spéider Terres Rouges), dono vun Arbed-Mines.
Vun 1992 bis 2023 war du Luxcontrol dran. No Ëmbauaarbechte huet do vun 2024 un den neigeschafenen Département Patrimoine historique et industriel vun der Stad Esch-Uelzecht säi Sëtz.
Département Patrimoine historique et industriel
[änneren | Quelltext änneren]Am Mäez 2023 huet den Escher Gemengerot decidéiert, eng nei Verwaltungsstruktur ze schafen, den Département Patrimoine historique et industriel. Dësen huet dräi Haaptthemen: Fotothéik, Industrie-Patrimoine an d'Archiver vun der Stad Esch.[1]
Biller
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ "Eschs junger Historiker und der Neustart um das Stadterbe." wort.lu [w+], 14.04.2023.
