Dao

Vu Wikipedia
Dào

Dào heescht wuertwiertlech aus dem Chineeseschen iwwersat Wee oder Strooss an huet an der klassescher Zäit vu China Method oder Prinzip geheescht. Dào ass de Schlësselbegrëff an der chineesescher Philosophie an dat zentraalt Konzept vum Daoismus. Am Daoismus gëtt Dào net mat Wee iwwersat, mä gëtt als héchst Gesetz bezeechent. Am Dào gëtt festgeluecht, wat ka sinn a wat net ka sinn. Den Dào suergt fir Harmonie a reegelt alles, obwuel et keen eegene Wellen huet.

Bedeitung[änneren | Quelltext änneren]

Den Dào ass éiweg a geet iwwer alles eraus, et ass „d`Mamm vun allem“. Dào ass an allem present, an alle Prozesser a Géigestänn, souguer an de Mënschen, wéi an allen anere Liewewiesen. Dofir kann een et och net a Wierder faassen, mä nëmme probéieren et ze ëmschreiwen.

Dào ass awer kee Gott, mä mécht de Glawen un deen iwwerflësseg. Den Dào kann nëmmen erreecht ginn, wann een an Harmonie mat sech selwer ass. Dofir muss ee sech mat der Natur matgoe loossen an dem Stroum vum Liewen nogoen. Et soll ee spontan, passiv a roueg sinn.

Aus dem Dào entsti d`Polaritéiten Yin a Yang, déi souwuel d`Geigesätz, wéi och d`Zesummespill representéieren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Dào – Biller, Videoen oder Audiodateien