Yin a Yang

Vu Wikipedia
D'Yīn a Yáng Symbol

Yīn a Yáng (chineesesch 陰陽 / 阴阳, Pinyin yīn yáng) sinn zwéi Begrëffer aus der chineesescher Naturphilosophie, déi haaptsächlech am Daoismus virkommen. Dat Wäisst, Yang, steet fir dat Hellt, Haart, Männlecht, Waarmt a fir d'Aktivitéit. Mä de Yang representéiert och d'Sonn iwwer dem Horizont. Dat Schwaarzt, Yin, steet fir dat Donkelt, Kaalt, Mëllt, Weiblecht a fir d'Rou. Dem Yin seng Erscheinunge sinn den Himmel an d'Äerd. De Yin representéiert och nach d'Wolleken, déi iwwer dem Nordwand hänken.

Am Ufank goufe Yin a Yang duerch een Zeechen ausgedréckt dat klengen Hiwwel geheescht huet. Déi zwéin Aspekter: aktiv vum Yang a passiv vum Yin, sinn zesummen am Banneschte vun den zwéi Prinzipien. D'Ofwiesselung vun der Sonn an dem Mound a vum Kalen a Waarmen, beschreiwen d'Joreszäiten. Déi Ofwiesselung vum Yin a Yang ass d'Grondgesetz dat vun all den Ännerungen an all den Entwécklunge vun den Elementer aus dem Universum virausgeet. Dat Symbol huet d'Bedeitung vun der Oppositioun, vun der Ofhängegkeet, awer och vu Verwandelung.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Yin a Yang – Biller, Videoen oder Audiodateien