Daoismus

Vu Wikipedia
Dào

Den Daoismus, och Taoismus genannt, ass eng chineesesch Philosophie a Weltusiicht. Seng Urspréng fënnt den Daoismus am 4. Joerhonnert viru Christus a geet op de Laozi zeréck.

Nieft dem Buddhismus an dem Konfuzianismus, huet den Daoismus China a ville Beräicher beaflosst: An der Politik, Ekonomie, Philosophie, Literatur, Konscht, Musek, Medezin, Chimie, Geographie an och an der Kampfkonscht.

Verbreedung[änneren | Quelltext änneren]

Déi genee Verbreedung vum Daoismus ass schwéier ze bestëmmen, well keng däitlech Statistiken ze fanne sinn. Weider Grënn sinn d'Onkloerheet vun der Ofgrenzung zu anere Reliounen an ënnerschiddlech Aart a Weise vun der Verbreedung.

No Schätzunge liewen ongeféier 60 Milliounen daoistesch Gleeweger an der Volleksrepublik China. Weider sinn an Taiwan ronn 8 Milliounen Daoisten ze fannen. Mä besonnesch ënner den Auslandschineesen, déi an d'USA oder a Südostasien ausgewandert sinn, si vill Unhänger vum Daoismus ze fannen. Dorënner falen dann och d'Länner Malaysia, Singapur, de Vietnam, wéi och Japan a Korea. Et ass och bekannt, datt zu Hongkong eng gewëssen Unzuel vun Daoiste liewen.

Haaptusichten[änneren | Quelltext änneren]

Am Géigesaz zum Buddhismus, deen dem Daoismus immens no steet, läit de Schwéierpunkt am Diesseits. Aus dësem Grond probéieren d'Daoiste méiglechst gesond ze liewen, fir en héijen Alter ze erreechen. Doduerch kennt et och zur Fro vun der Onstierflechkeet. Deemno hunn d'Daoisten hir Liewensgewunnechten ëmmer erëm sou optiméiert, datt si mat der Natur harmonéieren. Des Harmonie gëtt dacks duerch Näischt maachen ervir geruff. Genee sou ass och hir Opfaassung vun der Politik. Si hunn eng Preferenz fir eng Politik, bei där d'Vollek näischt matkritt.

Yīn a Yáng Symbol[änneren | Quelltext änneren]

D'Yīn a Yáng Symbol

Am Zentrum vum Daoismus steet Dào, de Wee, de Pad, deen éiwege Schafungsprinzip, aus deem d'Polaritéite Yīn a Yáng ervir ginn mat hire Géigesätz. Duerch hiert Zesummespill ergëtt sech stännege Wandel, Beweegung an e géigesäitegt Duerchdréngen aus deem d'Welt besteet.

Dat Zeeche symboliséiert den Aklang vu polaren oder entgéintgesate Kräften a Prinzipien, déi sech awer gläichzäiteg unzéien, wéi Mann a Fra. Dat schwaarzt Symbol, genannt Yīn, symboliséiert Donkelheet, Keelt, Passivitéit, Douceheet, Rou an dat weiblecht Wiesen. Den hellen, wäissen Deel vum Symbol heescht Yáng a weist d'Stäerkt vum Mann, Häert, Aktivitéit, Hellegkeet a Wäermt. D'Yīn a Yáng Symbol ass op kee Fall als entweeder/oder ze gesinn, mä als en Zesummen, well den Aklang vum Symbol zielt, zesummen halen a sech ergänzen. Dofir kann een et och net als schlecht oder gutt gesinn, well d'Daoisten dovun iwwerzeegt sinn, datt d'Stäerkt an der Schwächt läit an d'Schwächt an der Stäerkt. Et ass ee Ganzt, Mann a Fra ergänze sech; wou d'Fra hir Schwächten huet, ergänzt si de Mann an och ëmgedréint.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Daoismus – Biller, Videoen oder Audiodateien