MASKéNADA

Vu Wikipedia

MASKéNADA ass e Kënschtlerkollektiv a Produktiounsgrupp, déi 1995 vum Serge Tonnar a Claude Mangen gegrënnt gouf. D'Grupp konnt sech an der Zäit vun e puer Joer duerch hir Experimentéierfreedegkeet an héich Qualitéit e gudde Ruff erschaffen.

An der Tëschenzäit gehéieren iwwer 25 Leit zur Grupp aus de Beräicher Musek, Theater, Danz, Film a Performance. Opgetratt gëtt op ville verschiddenen, an dacks ongewéinleche Plazen iwwer d'ganzt Land.

Den Numm kënnt vum Spueneschen "mas que nada", wat sou vill heescht wéi "méi wéi näischt".

MASKéNADA ass Member vun der Fédération luxembourgeoise des théâtres professionnels.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]