1 Mann 1 Wuert
Ausgesinn
| 1 Mann 1 Wuert | |
|---|---|
| Genre | Parodie |
| Ursprongsland | Lëtzebuerg |
| Sprooch | Lëtzebuergesch |
| Interpret | Serge Tonnar |
| Verëffentlecht | 2006 |
| Éischt Zeil | Ech hu gesot, an dat soen ech zënter 1983, déi Jonk wieren allguer Lidderhanessen |
|
| |
1 Mann 1 Wuert ass e Museksstéck vum Serge Tonnar aus dem Joer 2006, an deem Interview-Ausschnëtter mam Jean-Claude Juncker nei zesummegesampelt, an anere Wierder: "audiotechnesch verschafft a verfriemt" goufen, wéi et op der Websäit heescht.
Et war fir Lëtzebuerger Verhältnesser en iwwerraschend grousse Succès: bannent e puer Wochen ass et iwwer 30.000-mol am Internet erofgeluede ginn.
