Schockela, Knätschgummi a brong Puppelcher
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Lëtzebuerg |
Première | 12. November 2010 |
Dauer | 94 min |
Originalsprooch |
Lëtzebuergesch Englesch |
Ekipp | |
Regie | Andy Bausch |
Dréibuch | Andy Bausch |
Fotografie |
Carlo Thiel Jean-Louis Schuller |
Musek | Serge Tonnar |
Schnëtt | Misch Bervard |
Produzent | David Grumbach, Paul Thiltges |
Produktiouns- gesellschaft | Paul Thiltges Distributions |
Schauspiller | |
keng (Documentaire) Erzieler: André Jung | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Schockela, Knätschgummi a brong Puppelcher, mam Ënnertitel d'Amerikaner zu Lëtzebuerg 1944-1964, ass e lëtzebuergeschen Documentaire vum Andy Bausch aus dem Joer 2010.
En ass den 12. November 2010 an de Kinoen ugelaf.
Ëm wat geet et am Film?
[änneren | Quelltext änneren]De Film beliicht d'US-amerikanesch Presenz zu, an hire (kulturellen) Afloss op Lëtzebuerg, vun der Liberatioun, am September 1944, bis an d'1960er Joren. E besteet aus Interviewe mat Zäitzeien (dorënner de Fotograf Tony Vaccaro, den Henri Losch, de Roger Manderscheid an de Rosch Krieps), Fotoen an nogestallten Zeenen.
Erzielt gëtt de Kulturschock, duerch d'Befreiung selwer, dann duerch déi ënnerschiddlech Liewensweisen, an d'Relatiounen tëscht verschiddene GIs a lëtzebuergesche jonke Fraen an d'Konsequenzen dovun (wourënner déi "brong Puppelcher" am Titel). rieds geet och vun der Ardennenoffensiv, der Perle Mesta, déi 1949-1953 amerikanesch Ambassadrice zu Lëtzebuerg war,[1] dem Marshallplang, dem Koreakrich an der Kubakris, déi d'Verhältnis zu Amerika an den Nokrichs-Joerzéngte bestëmmt hunn. Beschriwwe gëtt awer och den Afloss op d'Alldagsliewen, sief et duerch Musek, Filmer, Alldagsgéigestänn, Iessenskascht a -gewunnechten (de Schockela an de Knätschgummi am Titel); kuerz, d'Auswierkunge vum American way of life op dat éischter konservatiivt Lëtzebuerg.
Kritik
[änneren | Quelltext änneren]Josée Hansen, d'Lëtzebuerger Land:[2]
[A]u lieu de faire des choix radicaux dans la narration, pour toujours à nouveau la recentrer sur son sujet, [Andy Bausch] essaie de trop en faire et se perd dans les anecdotes personnelles. [...] Des approximations, voire carrément des erreurs historiques – celle sur Perle Mesta, qui n'a été nommée ambassadrice américaine au Luxembourg qu'en 1949 et n'a donc pas pu organiser des fêtes pour les GIs en 1944/45 est la plus flagrante [...] Ceci dit, ce n'est pas un mauvais film. Le montage est bien fait (Misch Bervard), la musique lui donne un certain entrain, et les anecdotes sont souvent touchantes, parfois même désopilantes. Mais ce qui manque, c'est une appréciation objective des faits décrits. [...] Une fois toutes ces réserves émises, Schockela, Knätschgummi a brong Puppelcher est divertissant, se regarde bien et apporte son éclairage plus populaire, plus subjectif sur la guerre et l'immédiate après-guerre.
Janina Strötgen, Tageblatt:[3]
„Schokela, Knätschgummi a brong Puppelcher“ zeichnet sich vor allem durch seine Dichte aus. Die vielen Zeugenaussagen sind wie Puzzleteile, die die Erzählstimme André Jungs miteinander verbindet. Es bleiben individuelle Geschichten, die sich aber in die Komplexität der Geschichte einbetten lassen. Der Film gewinnt vor allem auch durch die zahlreichen Fotografien aus jener Zeit des heute 84 Jahre alten Fotojournalisten Tony Vaccaro, der diese Zeit mit seiner Kamera für die Ewigkeit festhielt. Bald kann von den Zeugen niemand mehr Zeugnis ablegen, doch der Film wird bleiben. Ein Stück Geschichte.
Soss
[änneren | Quelltext änneren]Den Andy Bausch krut d'Iddi fir de Film bei den Dréiaarbechte fir säin Documentaire Entrée d'artistes (2007).[2] D'Recherche fir de Film hunn ee Joer laang gedauert.[4]
De Film gouf am Ganze vu 6.734 Leit am Kino gesinn.[5]
De Film war an der Kategorie "Beschten Documentaire" fir de Lëtzebuerger Filmpräis 2012 nominéiert.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Am Film gëtt iertimlech gesot, si wier schonn am Wanter 1944-45 Ambassadrice am Land gewiescht.
- ↑ 2,0 2,1 land.lu: Une madeleine appellée Lucky Strike vum Josée Hansen(9. Dezember 2010)
- ↑ tageblatt.lu: „Schockela, Knätschgummi a brong Puppelcher“ vum Janina Strötgen (28 . Oktober 2010)
- ↑ lessentiel.lu: Krieg, Liebe und schwarze Kinder (14. November 2010)
- ↑ "Box office films luxembourgeois 1981-2012" op cna.public.lu (gekuckt:2013-01-19).