Tony Vaccaro

Vu Wikipedia
Tony Vaccaro
Den Tony Vaccaro lénks am Bild
Gebuertsnumm Michelantonio Celestino Onofrio Vaccaro
Gebuer 20. Dezember 1922
Gestuerwen 28. Dezember 2022
Nationalitéit USA
Aktivitéit Fotograf, Krichsfotograf

Den Tony Vaccaro, och Michael A. Vaccaro, gebuer den 20. Dezember 1922 zu Greensburg a Pennsylvania, ass en US-amerikanesche Fotograf.

Hien ass virun allem fir seng ronn 8000 Fotoe bekannt, déi en tëscht 1944 an 1949, vum Debarquement als Zaldot bei der Operatioun Overlord an der Normandie bis zum Verwaltungsaarbechter an Däitschland, gemaach huet. Duerno war hien e bekannte Mouden- a Lifestyle-Fotograf fir verschidden US-amerikanesch Zäitschrëften.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Tony Vaccaro ass 1943 an d'US-Arméi agezu ginn a gouf 1944 an Europa geschéckt, wou e bis zum Enn vum Zweete Weltkrich als Zaldot vun der 83rd Infantry Division matgekämpft huet. Hie war vun Oktober bis Dezember 1944 zu Lëtzebuerg stationéiert, huet bei der Ardenneschluecht matgemaach, an duerno bei der Eruewerung vun Däitschland bis zu deem senger Kapitulatioun. Wann ëmmer e konnt, huet hien niewelaanscht Fotoe gemaach, déi en zum Deel ënner prekäre Konditioune selwer entwéckelt huet. Eréischt géint Enn vum Krich gouf hien offiziell als Fotograf agestallt, an zwar fir eng Zeitung vun enger Divisioun vun der US-Arméi.

No senger Demobilisatioun, am September 1945, ass hie bis 1949 an Däitschland bliwwen, wou en an der US-Administratioun geschafft huet. Ausserdeem huet hie fir d'Weekend-Bäilag vun der Zeitung Stars and Stripes geschafft. Sou ass e fotografeschen Temoignage vun den éischte Jore vum Nokrichs-Däitschland entstanen.

Hie goung zeréck an d'USA an huet do ë. a. fir Life, Look a Flair geschafft. 1954 ass en op Roum wunne gaangen.

1995 gouf en Deel vu senge Fotoen, déi en 1944 zu Lëtzebuerg gemaach huet, am Stater Cercle ausgestallt.

2002 gouf am Geschichtsmusée vun der Stad Lëtzebuerg zu sengem 80. Gebuertsdag d'Ausstellung Shots of war - Tony Vaccaro 1994-45 gewisen.

Den Tony Vaccaro gëtt am Andy Bausch sengem Documentaire Schockela, Knätschgummi a brong Puppelcher (2010) interviewt.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Luxembourg by Tony Vaccaro, 1944-1945. Luxembourg: Lions Club Luxembourg-Country, 1995.
  • Entering Germany: Photographs 1944-1949, Taschen Verlag, 2001, ISBN 3822859087
  • Frank Lloyd Wright, Kultur-unterm-Schirm, 2002
  • Shots of War Art Stock, 2004, ISBN 3905597349
  • Tony Vaccaro - Soldier with a camera, 1944-1945. Luxembourg: Lions Club Luxembourg-Country (2017), ISBN 978-99959-0-315-2

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]