Monsieur Warum

Vu Wikipedia
Monsieur Warum
Film
Produktiounsland Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Dauer 75 min
Originalsprooch Lëtzebuergesch, Däitsch
Ekipp
Regie Andy Bausch
Dréibuch Andy Bausch
Fotografie Klaus Peter Weber
Musek (zousätzl.): Serge Tonnar
Schnëtt Misch Bervard
Produzent Rattlesnake Picture
Brigitte Kerger
Schauspiller
keng (Documentaire)

Monsieur Warum ass en Dokumentarfilm vum Andy Bausch iwwer dem lëtzebuergesche Sänger, Radios- an Televisiounsmoderator, Songschreiwer a Schauspiller Camille Felgen, genannt Camillo, säi Liewen.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

De Film retracéiert dem Felgen säi Liewe chronologesch. E sëtzt sech zesummen aus laangen Interview-Zeene mam Camillo Felgen selwer, mä och mat Familljememberen a fréieren Aarbechtskolleegen. Dertëscht sinn eng Hellewull Archivopnamen (Film an Toun) an Dokumenter (Fotoen, Placken, asw.) mat agebaut.

Soss[änneren | Quelltext änneren]

Den Titel bezitt sech op dem Camillo Felgen säi gréisste Succès, "Sag Warum?" aus dem Joer 1961, deen eleng a Frankräich 1,5 Millioun mol verkaf gouf.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]