Electric Theatre

Vu Wikipedia
Electric Theatre
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Première 2000
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Ekipp
Regie Andy Bausch
Dréibuch Andy Bausch
Fotografie Klaus Peter Weber
Musek André Mergenthaler
Schnëtt Pia Dumont, Amin Jaber
Produzent Andy Bausch
Produktiouns-
gesellschaft
Rattlesnake Pictures[1]
Schauspiller
An den nogestallten Zeenen:
Thierry van Werveke
Jean-Paul Raths[2]
Gilles Soeder[3]
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Electric Theatre ass e lëtzebuergeschen Documentaire a Kuerzfilm vum Andy Bausch aus dem Joer 2000.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

De Film behandelt den Ufank vum Kino zu Lëtzebuerg, a méi prezis déi éischt 20 Joer. Behandelt ginn déi éischt Filmprojektiounen am Joer 1896 (ee Joer no der Erfindung vum Cinématograph duerch de Louis an den Auguste Lumière), déi éischt Dréiaarbechten, an d'Pionéier vum Lëtzebuerger Film. Zu den authentesche Biller aus där Zäit, déi am Film ze gesi sinn, gehéieren ënner anerem d'Opname vun de Bridder Lumière an der Stater Champesfabrik Mercier (1899) an de franséische Slapstickclip L'Arroseur arrosé.[4][5]

Well et net vill Opnamen aus där Zäit ginn, gi si wéi an den aneren Documentaire vum Andy Bausch duerch mat Schauspiller nogestallten Zeene komplettéiert.

Filmproduktioun[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'Schreiwen an d'Entwéckele vun der Iddi vum Film krut d'Produktiounsgesellschaft Rattlesnake Pictures 1998 e Subside vum Lëtzebuerger Filmfong an Héicht vu 480.000 Lëtzebuerger Frang.[6] D'Joer drop koum e weider Subside vu 4.155.000 Frang fir d'Produktioun vum Documentaire dobäi.[7]

Electric Theatre gouf 1999 ënner anerem am Fond-de-Gras gefilmt.[8]

Wat sot d'Press?[änneren | Quelltext änneren]

Josée Hansen, d'Lëtzebuerger Land:[4]

Le résultat est un produit hybride, douteux, qui zigzague entre documentaire historique et fiction, entre images réellement vieilles, d'autres reconstruites puis traitées pour faire vieilles et des entretiens nouvellement filmés et en couleur avec des musiciennes de cinéma. Il faut dire que les séquences reconstituées sont très réussies dans leur forme, mais leur montage-collage n'est pas très scientifiquement correct, les manipulations pas toutes désignées comme telles.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Film op webartproject.de/ab
  2. e-talenta.eu: CV vum Jean-Paul Raths
  3. actors.lu: CV vum Gilles Soeder
  4. 4,0 4,1 land.lu: Il est un petit pays qui n'a partout que des amis vum Josée Hansen (9. Mäerz 2000)
  5. De Film um Site vum CNA
  6. Rapport d'activité du Ministère de la culture 1998, Mäerz 1999, Säit 201
  7. Rapport d'activité du Ministère de la Culture de l'Enseignement supérieur et de la recherche 1999, Mäerz 2000, Säit 218
  8. train1900.lu: Références de films et vidéo clips tournés au Fond-de-Gras: (gekuckt de 5. August 2022)