Ministère de la culture

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Kulturministère)
Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Ministère de la culture
Kulturministère
Land Lëtzebuerg
Minister Sam Tanson
Verwaltungssëtz Hôtel des Terres Rouges
Ënnersteet der/dem Lëtzebuerger Regierung
Gegrënnt 1969
Um Spaweck https://mc.gouvernement.lu/

De Kulturministère, offiziell Ministère de la culture ass e Ministère zu Lëtzebuerg dee sech fir d'kulturell Entwécklung um nationalen an internationalen Niveau zu Lëtzebuerg asetzt.

Allgemenges[änneren | Quelltext änneren]

De Ministère ass responsabel fir d'kulturell Entwécklung a wëll de Lëtzebuerger Patrimoine erhalen a fërderen an déi néideg Impulser ginn, fir d'kulturell Kreatioun an d'Promotioun vun de Kënschtler z'ënnerstëtzen. E koordinéiert d'Relatiounen tëschent de verschiddene kulturellen Acteuren zu Lëtzebuerg an organiséiert e reegelméissegen Echange mat hinnen am Kader vun de kulturellen Assisen.

De Kulturministère këmmert sech ë. a. ëm d'visuell Konscht, d'Musek an den Danz, d'Literatur an den Theater, de kulturelle Patrimoine asw.

Kompetenz vum Ministère[änneren | Quelltext änneren]

D'Servicer a Verwaltungen déi ënnert d'Kompetenz vum Ministère fir Gläichstellung tëschent Fraen a Männer falen, sinn am Arrêté grand-ducal vum 28. Mee 2019 festgehalen[1]. Dozou gehéieren ë. a.:

Koordinatioun vun de kulturelle staatlechen Instituter:

Historique vum Kulturministère[änneren | Quelltext änneren]

Iwwer d'Jore war de Ressort vun der Kultur deels an anere Ministèren integréiert:

  • 1969 - 1972 : Ministère des affaires culturelles et des cultes
  • 1984 - 1995 : Ministère des affaires culturelles
  • 1995 - 1999 : Ministère de la culture
  • 1999 - 2009 : Ministère de la culture, de l'enseignement supérieur et de la recherche
  • zanter 2009 : Ministère de la culture

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ministère de la culture – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • De Ministère op gouvernement.lu, der Websäit vun der Regierung

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Arrêté grand-ducal du 28 mai 2019 portant constitution des Ministères. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-07-24.