Fonds culturel national

Vu Wikipedia
Fonds culturel national
(Focuna)
Typ Ëffentlecht Etablissement
Grënnungsdatum 27.08.2013
Sëtz 4, Boulevard Roosevelt
L-2912 Lëtzebuerg
Leedung Jo Kox
(President Comité-directeur)
Homepage www.focuna.lu

De Fonds culturel national, kuerz Focuna, ass en ëffentlecht Etablissement zu Lëtzebuerg, dat duerch d'Gesetz vum 4. Mäerz 1982 an d'Liewe geruff gouf[1]. En ënnersteet dem Kulturministère.

D'Aufgab vum Fong ass et fir Subsiden an Done vun ëffentlecher oder privater Hand ze empfänken, ze verwalten an ze gebrauchen, fir engersäits d'Konscht an d'Wëssenschaft ze ënnerstëtzen an anersäits den nationalen historesche Patrimoine ze erhalen, ze restauréieren an ze fleegen.

De Fong kann Donen unhuelen déi net fir e spezielle Zweck bestëmmt sinn, oder awer och explizitt fir z. B. den Institut Grand-ducal, d'Staatsarchiven, staatlech oder kommunal Muséeën, d'Nationalbibliothéik oder fir kommunal Bibliothéiken, de Service des sites et monuments oder aner Instituter déi als« utilité publique » ugesi ginn.

Organisatioun[änneren | Quelltext änneren]

De Fong gëtt vun engem Comité-directeur verwalt dee sech aus dräi Memberen zesummesetzt. Zwee Delegéiert gi vum Kulturministère an ee vum Finanzministère ernannt. Wann de Fong iwwer Donen decidéiere muss déi hie krut, kommen zwéin zousätzlech Delegéiert aus de betraffenen Institutiounen an de Comité-directeur derbäi.

Comité-directeur vum Focuna
Period President
... ...
04.11.2015 - 05.11.2021[2] Jo Kox

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Loi du 4 mars 1982 a) portant création d'un Fonds Culturel National (...). legilux.public.lu (04.03.1982). Gekuckt de(n) 17.09.2020.
  2. Fonds Culturel National - Comité-directeur. legilux.public.lu (19.09.2018). Gekuckt de(n) 17.09.2020.