Jo Kox

Vu Wikipedia
Jo Kox
Gebuer 18. Januar 1958
Lëtzebuerg
Aktivitéit Manager

De Jo Kox, gebuer den 18. Januar 1958 an der Stad Lëtzebuerg, war vun 1996 bis Enn 2015[1] administrativen Direkter vum Casino Luxembourg – Forum d'art contemporain an ass Coordinateur vum Groupement "d'stater muséeën".

Liewen a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Hien huet zu Bréissel en Diplom am Tourismusmanagement gemaach a war vun 1982 bis 1993 Guide, Chef-Guide a Contract Manager bei Luxair-Tours, ënner anerem zoustänneg fir de Reesprogramm Metropolis.

Am September 1993 gouf hie Coordinateur touristique vum Veräin ouni Gewënnzweck Luxembourg, ville européenne de la culture, 1995. Am Kader vun der Europäescher Kulturhaaptstad 1995 gouf de Casino an der Ënneschtgaass als Ausstellungshal ëmgebaut, wou hien zesumme mam Enrico Lunghi, d'Ausstellunge vum Kulturjoer superviséiert huet. 1996 gouf decidéiert, d'Gebai als Forum d'art contemporain ze benotzen. Zanterhier ass hien administrativen Direkter.

Enn 2000, huet hien de Groupement "d'stater muséeën" an d'Liewe geruff. Vun 2001 bis 2013 war hie fräie Mataarbechter vu Radio Lëtzebuerg. Hie war vun 2002 bis 2008 Tresorier vun der Association des musées de la Grande Région (AMGR). Hie war tëscht 2001 an 2010 President vum Cercle européen pour la propagation des arts, 2008 war hie Grënnungsmember vum Veräi Cultur'all a.s.b.l. Zanter Oktober 2009 ass hie Lëtzebuerger Korrespondent vun der European Museum Academy.

Zanter dem 6. November 2012 ass hie President vum Fonds culturel national.

Enn 2015 huet hie seng Fonctioun als Verwaltungsdirekter vum Casino Luxembourg un d'Nancy Braun viruginn.[1]

Am Juli 2017 ass hie vum Kulturminister Xavier Bettel als Koordinateur ernannt ginn, fir e Kulturentwécklungsplang opzestellen. Am Dezember 2018 gouf hien zum Premier Conseiller de Gouvernement am Kulturministère ernannt.[2]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Andonovic, Vesna, 2013. Ohne Moos nix los! Luxemburger Wort, 29. Juni 2013, S.2-3.
  • Bohantov, Dorina, 2009. L'Europe est chez soi, mais a-t-elle vraiment besoin d'être labellisée ? Euroblogs, 21. Dezember 2009.
  • Caregari, Luc, 2013. Miser sur les plus-values. Woxx N° 1198, 18. Januar 2013, S. 12-13.
  • Caregari, Luc, 2012. Un pas en avant et deux pas en arrière. Woxx N° 1164, 24. Mee 2012, S. 8-9.
  • Carré, Gaston, 2006. 'Marathon Man' - Le directeur administratif du Casino danse le flamenco sur un piano. Luxemburger Wort, 14. Oktober 2006, S. 21.
  • Chrillesen, Neel, 2012. Luxembourg museums find strength through unity. Flydoscope N° 1, Mäerz 2012, S. 40-42.
  • Clarinval, France, 2013. En faveur d'une privatisation partielle ». www.paperjam.lu, 6. September 2013.
  • Clarinval, France, 2013. 2013 sera... « l'occasion d'investir dans la qualité ». www.paperjam.lu, 19. Dezember 2012.
  • Clarinval, France, 2011. Les musées s'affirment comme un espace de découverte, d'échange et de création ?. Désirs, Oktober 2011, S. 28.
  • Clarinval, France, 2011. Souriez, vous êtes musées. Le Quotidien, 19. Mee 2011, S. 6.
  • Clarinval, France, 2011. Où est la politique culturelle ?. Désirs, Abrëll 2011, S. 39.
  • Clarinval, France, 2006. 10 ans d'art au cœur de la vie. Le Quotidien, 11. Februar 2006, S. 24-27.
  • Hansen Josée, 2003. Faire envie. Lëtzebuerger Land. Supplément Musées, 23. Mäerz 2003.
  • Hansen Josée, 2006. Musées en réseau. Lëtzebuerger Land. Supplément Musées, 23. Mäerz 2006.
  • Hansen Josée, 2006. A Family of Man, over and over again. Lëtzebuerger Land. Supplément Musées, 23. Mäerz 2006.
  • Hansen Josée. 2007. Créer, collectionner et vulgariser. Lëtzebuerger Land. Supplément Musées, 23. Mäerz 2007.
  • Hansen Josée. 2009. Charnières. Lëtzebuerger Land. Supplément Musées, 23. Mäerz 2009.
  • Hansen Josée. 2010. Lieu de création. Lëtzebuerger Land. Supplément Musées, 23. Mäerz 2010.
  • Jager Jean-Pierre. 2012. Espace culturel Grande-Région: Kox en stock. La Semaine Metz Thionville Moselle, 31. Mee 2012.
  • Juncosa, Alexis, 2010. L'Art et la manière. Lëtzebuerger Land. Supplément Musées, 25. Mäerz 2010.
  • Kass, Carlo, 2008. Das Kulturjahr 2007 war eine politische Entscheidung. Tageblatt, 14. Abrëll 2008, S. 16.
  • Kox, Jo, 2014. La gouvernance culturelle en péril. Paperjam Index 2014, Janvier 2014, S. 302.
  • Kox, Jo, 2013. Le problème de la gouvernance reste entier. Forum n° 332, September 2013, S. 38-40.
  • Kox, Jo, 2013. Arbed-Gebäude. Das historische Gebäude gehört in die öffentliche Hand . Journal, 28. Januar 2013, S. 3.
  • Kox, Jo, 2008. Kunst, Kultur und Mäzenatentum. Tageblatt, 5. Mee 2008, S. 72.
  • Lorent, Claude, 2005. Un Casino d'art à Luxembourg. La Libre.be, 24. August 2005.
  • Lorgé, Marie-Anne, 2012. Ne pas bouder son plaisir. Le Jeudi, 10. Mee 2012, S. 25.
  • Mart, Colette, 2010. Le Casino n'est pas un casino et fête ses 15 ans. Lëtzebuerger Journal, 14 Januar 2010, S. 16.
  • Paturet, Jacques, 2011. Luxembourg: Entrée gratuite dans 26 musées. Le Qutodien. 26. Mäerz 2011, S. 4
  • Pirsch, Fabienne, 2008. So klappt's auch mit dem Laufen!. Telecran N° 14 vum 2. Abrëll 2008, S. 22-25.
  • Poujol, Véronique, 2012. Vous avez dit populiste ? Lëtzebuerger Land. Supplément Musées, 23 Mäerz 2012, S. 10.
  • Roberts, Duncan, 2009. Peripheral art in the heart of the city / Art périphérique au coeur de la ville. Rendez-Vous Lëtzebuerg, 1. Abrëll 2009, S. 35-40.
  • Rolland, Marie-Laure, 2012. Après six mois de vacance à la tête du Fonds culturel national. Jo Kox aux commandes. Luxemburger Wort, 29. November 2012, S. 13.
  • Rolland, Marie-Laure, 2013. Je ne suis pas le fossoyeur de la scène culturelle. Luxemburger Wort, 29. Juni 2013, S. 3.
  • Seil, Gabrielle, 2005. Die Beweger. Revue N° 15 vum 16. Abrëll 2005, S. 52-54.
  • Strötgen, Janina, 2012. Wenn Jo Kox Kulturminister wäre / Vive la révolution culturelle. Tageblatt N° 237 vum 10. Oktober 2012, S. 16-17.
  • Versall, Patrick, 2012. Der Museumsläufer. Journal N° 248 vum 8. Dezember 2012, S. 15.
  • Wagner, Guy, 1999. La quadrature du cercle – Mission impossible. Tageblatt, Kulturissimo, 21 Mäerz 1999, S. 1.

Cartes blanches op Radio Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Riicht eraus op Radio 100komma7 [änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 "Casino Luxembourg: Nancy Braun ersetzt Jo Kox." rtl.lu, 01.10.2015, 11:14:24.
  2. "Jo Kox wiesselt an de Kulturministère." 100komma7, 19. Dez 2018 - 17:33.