Conseil national du livre

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

De Conseil national du livre (CNLi) ass e Konsultativt Organ vum Lëtzebuerger Kulturministère an der Regierung.

En ass duerch ministeriellt Reglement vum 15. Januar 1998 gegrënnt ginn.

Am Artikel 23 vum Gesetz vum 25. Juni 2004 portant réorganisation des instituts culturels de l'Etat gëtt den CNLi frësch betëmmt: Il est créé auprès du Centre national de littérature un Conseil national du livre.

Am groussherzogleche Reglement vum 5 Februar 2007 gëtt d'Organisatioun vum CNLi festgeluecht. An deem Reglement gëtt och d'Reglement vun 1998 abrogéiert.

D'Missioun vun CNLi wéi se am Reglement vun 1998 festgehale gouf   (Originaltext aus dem Memorial):

Le Conseil national du Livre est un organe consultatif qui a pour mission générale d'analyser les demandes d'aide et de subvention adressées au Ministère de la Culture selon leur conformité avec l'objectif de promouvoir la création littéraire et la diffusion d'ouvrages à valeur littéraire.

Il a encore pour mission d'étudier, à la demande du Ministère de la Culture, des dossiers techniques ponctuels portant sur les aspects commercial, fiscal, juridique, tant à l'échelle nationale qu'internationale, de la création littéraire. A cet effet, il pourra être invité à participer à des réunions du groupe de travail interministériel « édition».

Le Conseil national du Livre sera chargé de toute autre mission qui lui sera confiée par le Ministre de la Culture, voire même par le Gouvernement, et qui rentre dans le cadre de ses attributions.

D'Missioun vum CNLi wéi se am Gesetz vun 2004 frësch definéiert gouf   (Originaltext):

...en tant qu'organe consultatif, a pour mission d'analyser les demandes d'aide et de subvention adressées au ministre ayant la Culture dans ses attributions, selon leur objectif de promouvoir la création littéraire et sa diffusion. Il a en outre pour mission d'étudier les dossiers lui soumis par ledit ministre en rapport avec la création littéraire, les prix littéraires nationaux ou le domaine de l'édition.

Membere vum CNLi

Am Februar 2007 goufe follgend Leit fir e Mandat vun dräi Joer, dat kann erneiert ginn, an de Conseil genannt:[1]

Numm Representéiert [2]
Denise Besch Ministère de la Culture, de l'Enseignement supérieur et de la Recherche
Robert Brachmond Ministère de l'Éducation nationale et de la Formation professionnelle
Dirk Sumkötter Fédération des Éditeurs Luxembourgeois
Jean-Claude Diderich, Fédération luxembourgeoise des Libraires
Alexandra Fixmer Fédération des Éditeurs Luxembourgeois
Germaine Goetzinger Centre national de littérature
Jhemp Hoscheit Schrëftstellerverband
Monique Kieffer Nationalbibliothéik
Paul Maas
Colette Mart Schrëftstellerverband;
Jean-Marie Reding
Romain Sahr Ministère de l'Éducation nationale et de la Formation professionnelle
Pierre Schumacher

President vum Conseil national du livre ass den Dirk Sumkötter.

De 16. Abrëll 2007 huet de Jemph Hoscheit seng Demissioun ginn.[3]

De 7. Mäerz 2008 goufen duerch grousherzoglecht Reglement d'Alexandra Fixmer an de Jemph Hoscheid duerch d'Susanne Jaspers an d'Carmen Heyar ersat.[4]

Um Spaweck

Referenzen

  1. Mémorial B N°12 vum 26 Februar 2007 mat den éischten Nominatiounen
  2. Well am Gesetz net bei jiddwerengem steet wat fir e Verband, oder Ministère oder Institutioun e vertrëtt, ass et der Wikipedia am Ament net méiglech bei all Member déi Informatioun derbäizesetzen.
  3. Annales ALBAD 2007 / 2008
  4. Arrêté grand-ducal ënnerschriwwen de 7. Mäerz 2008. D'Wikipedia krut d'Nominatioun op Ufro beim Kulturministère iwwer E-Mail matgedeelt. Leider goufe mer och do net gewuer wéini datt d'Publikatioun am Memorial war. D'Äntwert war déi hei: Arrêté grand-ducal modifiant l'Arrêté grand-ducal du 5 février 2007 portant nomination des membres du Conseil national du livre, signé le 7 mars 2008. No Nofro de 14. Mee 2009 um Service de législation, krut d'Wikipedia confirméiert, datt den Arrêté net am Memorial publizéiert gouf.