Diskussioun:Conseil national du livre

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

D'Susanne Jaspers ass net am März 2007 do rakomm, mee vill méi spéit.

Richteg et war am Mäerz 2008. 2007 war en Tippfeeler a gouf verbessert. Les Meloures 09:49, 15. Mee 2009 (UTC)[äntweren]


Mol hei uewendriwwer gesat, fir datt et net ëm ënneschten Deel vun der Diskussioun ënnergeet[Quelltext änneren]

No dem Geschreifs vun der Liesrat (IP 194.154.200.108) an dem Pecalux senger Änwert dodrop am Februar 2008 schreift de 4. Mee 2009 déi selwecht IP 194.154.200.108 dat heiten:

schlooft Dir? Daat steet scho laang am Mémoriaal!

No all den Diskussiounen déi der hei ënnendrënner noliese kënnt, gouf e puer mol gefrot: a waterengem Memerial?

Et ass bis elo nach keng Äntwert komm. Vu datt déi IP. 194.154.200.108. eng IP vum lëtzebuerger Gouvernement ass, hunn ech alt bis haut geduecht, dee Beammten oder Beamtin déi ons dee Message hannerlooss hat, an duerno gefrot huet ob mer géife schlofen, wéilt d'Mataarbechter vun der lb: wikipedia just op e Lapsus opmierksam maachen, oder wéilt ons just e bësselchen zécken, well mer dat nach net gemierkt hätten.

Abbee neen, deem ass net esou. Ons ass kee Lapsus wéinst der Publikatioun am Memorial geschitt, et hätt mech och gewonnert, well mer hunn op d'mannst 2 Mataarbechter déi sou Saachen am A behalen. Fir sécher ze sinn datt déi Informatioun richteg ass, hunn ech um Kulturministère nogefrot.

D'Resultat dovunner ass op der Säit vum Artikel nozekucken. Vu datt déi Persoun um Kulturministère déi ech kontaktéiert hat, mir den Arrêtè mat dem Datum vun der Ënnerschrëft konfirméiert huet, gouf déi Informatioun deementspriechend an den Artikel bäigesat. (Kuckt dozou am Artikel d'Bemierkung 4 ënner Referenzen). Den N° vum Memorial sinn ech och do net gewuer ginn.

Well ech op där Plaz net nach eng Kéier wollt nokrämpen, hunn ech mech anerwäerts schlau gemaach. A wat krut ech als Äntwert? Dräimol däerft der roden.


Fir et net ze spannend ze maachen, et ass ganz einfach: deen Arrêté gouf bis elo nach net am Memorial publizéiert.

Elo kann ech mer dann natierlech eng kleng perséinlech Bemierkung net verquessen:

Léiwen Informant vum Staat. Wann s de näischt besseres an denger Aarbechtszäit ze dinn hues wéi hei mat falschen Informatiounen hauséieren ze goen (dat steet scho laang am Mémoriaal), an hei d'Leit op den Aarm ze huelen, dann ass et besser du léisst d'Fangere vun der Wikipedia.

Les Meloures 23:23, 14. Mee 2009 (UTC)[äntweren]






Liesraat: D'Alexandra Fixmer get ersaat duerch d'Susanne Jaspers (édition Binsfeld), an den Jhemp Hoscheit get ersaat vum Carmen Heyar (Schrëftstellerin). Et steet just nach net am Memorial, well dem Staat seng Millen muelen lues (awer sëcher!). (schreift d'IP 194.154.200.108)

A soulaang wéi et net am Memorial steet, ass et nach net a Kraaft an enzyklopedesch net relevant. Schreiwt de --Pecalux 16:22, 15. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]

schlooft Dir? Daat steet scho laang am Mémoriaal! vun der 194.154.200.108


Schlooft Dir? schreift d'IP 194.154.200.108 déi hei uewendriwwer geschriwwen huet et stéing nach net am Mémorial. Firwat gëtt se den N° an den Datum vum Mémorial net un, wann s et esou gutt weess. Les Meloures 13:15, 4. Mee 2009 (UTC)[äntweren]

Da muss Dir selwer mol téischt an d'Memoriale wulle goën, fir ze kontrolléieren, ob dann iwerhaapt di aaner do dra stin. Vun der IP 194.154.200.108


Gudde Moien,
Mol vläicht fir de Wikisprinzip z'erklären. Hei muss keen eppes maachen.
Et ass just echt datt hei d'Wikismataarbechter gefrot ginn ob se géife schlofen, mat enger Behaaptung, dat stéing scho laang am Mémorial. Da ginn ech dervunner aus, datt wann een dat behaapt, datt en och misst wëssen a waterengem Mémorial (N° an Datum + A,B, oder C) et steet. Fir dann aner Leit unzestelle sichen ze goen ass e bësselchen dernieft. Les Meloures 11:08, 5. Mee 2009 (UTC)[äntweren]


ad:fir ze kontrolléieren, ob dann iwerhaapt di aaner do dra stin
Jo déi stinn am Mémorial B vum 26. Februar 2007.
Les Meloures 12:04, 5. Mee 2009 (UTC)[äntweren]

Firwaat schreiwt Der da nat einfach déi zwee Memberen an op d'Säit? (wann Dir wësst, a wéi engem Mémorial déi eng stinn, da wësst der jo och, a wéi engem Mémorial déi zwee C.N.Li. Memberen stinn). Schéinen Daag nach!


Wat ass dat do fir eng Logik?
Wann ee weess wou déi eng stinn da muss een nach laang wësse wou di aner stinn.
Mä där schéngt et jo och net ze wëssen, soss géift der ons et vläicht soe kënnen. Oder wëllt der nëmmen hei Diskussiounssäite fëlle kommen fir näischt ze soen. Les Meloures 12:53, 5. Mee 2009 (UTC)[äntweren]

Salut: Munchmol zerklappe sech Leit mateneen em eng Saach, där hir Problematik eejentlech vu ganz aanere Leit, aus wéi engen (oppurtunistësche) Grënn och emmer, oder aus wéi engen perséinlechen Interessen (déi sou munch héiër Staatsbeamten heemlech duerchzéien, déi gäre virgin, sech enger Institution hingebungsvoll ze opferen!!!) och ëmmer "erbäigezaubert" gouw!!

Hei léit ganz offensichtlech e rechtleche Problème vir: kuerz nom Jhemp Hoscheit senger Démissioun ass onerwaart d'Carmen Heyar am Conseil National du Livre opgedaucht, (op Grond vun engem internen L.S.V. Beschloss) -an si huet déi éischt zwou Versammlungen als rénuméréiert (jeton de présence) auditrice bewältegt. Vun deem Zäitpunkt un wor d'Carmen Heyar Member am C.N.Li., an op alle Versammlungen präsent an engagéiert.

1) Effektiv misst daat "scho laang" (mat engem gewësse Schmunzlen) am Memorial stoën. Offiziel nominéiert gouw d'Carmen Heyar am C.N.Li.(Schwaarz op Wäiss) de 7.3.2008.

2) Am B N°12 sti mëssverständlech Informatiounen: déi eenzel Memberen vertrieden net sech selwer oder hire Beruff, mee eng Gewerkschaft, eng Institutioun, e Ministère, e Verband, asw. Beispill: et misst am Memorial hannert Robert Brachmond an hannert Romain Sahr stoën: Minstére de l'Éducation Nationale et de la Formation Professionnelle; hannert Dirk Sumkötter: Fédération des Éditeurs Luxembourgeois; hannert Monique Kieffer: B.n.L., hannert Colette Mart: L.S.V., asw.

Daat ass, léiw Wikipedia-Kolleegen, keen Tanz der Vampyre wärt!


Gudde Moien,
Ouni elo engem vun den Informanten hei uwendriwwer wëllen ze no ze trieden dann hei ënnendrënner d'Fro déi hei schonns e puer mol gestallt gouf,nach eng Kéier widderholl.

A waterengem Memorial gouf déi Nominatioun publizéiert? W.e.g. Den N° oder den Datum uginn. All anert Geschreifs bréngt ons net weider[Quelltext änneren]

Les Meloures 11:31, 13. Mee 2009 (UTC)[äntweren]

D'Susanne Jaspers ass NET am Maerz 2007 do rakomm, mee vill méi spéit!!!!!!!!!!!!


Richteg et war am Mäerz 2008. 2007 war en Tippfeeler a gouf verbessert. Les Meloures 09:49, 15. Mee 2009 (UTC)[äntweren]

D'Membere vum Conseil national du livre (1. Maërz 2010)[Quelltext änneren]

Arrêté grand-ducal du 18 février 2010 portant renouvellement du mandat des membres du Conseil national du Livre--Fliedermaus 15:25, 1. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]

Ännerungen:

Arrêté grand-ducal du 29 janvier 2011 portant nomination de Monsieur Guy Linster comme président du Conseil national du Livre et de Monsieur Laurent Fels comme membre du Conseil national du Livre--Fliedermaus 09:45, 21. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]