Susanne Jaspers

Vu Wikipedia
Susanne Jaspers
Gebuer 30. Mee 1970
Aktivitéit Schrëftsteller, Editeur

D'Susanne Jaspers, gebuer den 30. Mee 1970 zu Oochen, ass eng däitsch Schrëftstellerin, déi zu Lëtzebuerg lieft a schafft.

D'Susanne Jaspers huet Literaturwëssenschaften op der Uni Tréier studéiert a schafft haut bei engem Verlag an der Stad Lëtzebuerg. Publizéiert huet si bis elo an Zeitungen (ë. a. Frankfurter Allgemeine Zeitung), Zäitschrëften an Anthologien.

2009 huet si hiert éischt Buch erausbruecht, de Kriminalroman "Trio mit Ziege".

Zanter dem Mäerz 2008 ass si Member vum Conseil national du livre. Si war vun 2010 bis 2011 Presidentin vum Verband Lëtzebuerger Bicherediteuren.

D'Susanne Jaspers huet am Summer 2012 zesumme mam Georges Hausemer de lëtzebuergesche Verlag Capybara Books gegrënnt.

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]