A:LL Schrëftsteller*innen

Vu Wikipedia

A:LL Schrëftsteller*innen (an der Kuerzform: A:LL fir Associatioun: Lëtzebuerger Literatur) ass eng asbl, déi ufanks Oktober 2020 gegrënnt gouf.

Hiert Zil ass et, d'Interesse vu Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller vu Lëtzebuerg ze vertrieden, z. B. vis à vis vu staatlechen Instanzen, wat hire Status, Aarbechts- a Sozialkonditioune betrëfft. Och solle méi Jonker agebonne kënne ginn. Si hëlt d'Relève vum Lëtzebuerger Schrëftstellerverband, dee véier Joer virdrun opgeléist gouf[1], a riicht sech u Schrëftsteller, déi zu Lëtzebuerg am Kader vun engem professionelle Parcours enger reegelméisseger literarescher Aktivitéit noginn.

Bei der Grënnung ware follgend Leit derbäi: Am Verwaltungsrot waren de Jean Back, d'Ulrike Bail, den Tullio Forgiarini, de Gast Groeber, de Samuel Hamen, d'Susanne Jaspers, de Francis Kirps, d'Claudine Muno, d'Anne-Marie Reuter, d'Nathalie Ronvaux, de Jeff Schinker, d'Elise Schmit an de Ian De Toffoli. Weider Grënnungsmembere sinn den Nico Helminger an d'Nora Wagener. Éieremembere sinn de Pol Greisch, de Jhemp Hoscheit, den Nico Helminger, d'Josiane Kartheiser, d'Colette Mart, de Lambert Schlechter an d'Margret Steckel[1].

Memberen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

https://www.a-ll.lu

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Mathilde Obert: "Les écrivains s'associent pour défendre leur statut." paperjam.lu, 5.10.2020.