Margret Steckel

Vu Wikipedia
Margret Steckel
Gebuer 26. Abrëll 1934
Rostock
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Schrëftsteller
Member vun PEN-Zentrum Deutschland

D'Margret Steckel, gebuer de 26. Abrëll 1934 zu Ehmkendorf, an der Gemeng Stubbendorf am Amt Tessin a Mecklenburg, ass eng däitsch Schrëftstellerin.

No hirem Abitur huet si 1955 d'DDR verlooss, an zu West-Berlin en engleschsproochegen Dolmetscherexame gemaach. Domat krut si bei der Twentieth Century-Fox Film Corporation eng Plaz als Assistentin fir Dramaturgie a fir Dréibuch.

Si huet sech 1964 bestuet a war duerno 14 Joer an Irland, an an England. Si huet zwéi Jongen a si wunnt zanter 1983 zu Lëtzebuerg.

Si huet a Kulturzäitschrëften, dem Lëtzebuerger Almanach, der Galerie an an de Westermanns Monatshefter publizéiert.

D'Margret Steckel ass Member am P.E.N.-Zentrum Deutschland.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Aus-weg-los, Hamburg: Lamda, 1989. Eng Erzielung.
  • Nachttage -ein irisches Intermezzo, München: Ehrenwirt 1993.
  • Nie wieder nirgendwo, Bad Münstereifel: Westgrenzverlag 1993.
  • Der Letzte vom Bayrischen Platz, Echternach: Éditions Phi 1996. Prix Servais.
  • Die Träne aus der Wand, Rostock: Neuer Hochschulschriftenverlag 2000.
  • Rosen, Rosen, Dräi Novellen, Echternach: Éditions Phi 2000.
  • Die Schauspielerin und ich, Roman, 2003, 392 Säiten, Éditions PHI, Esch-Uelzecht
  • Das letzte Konzept, Roman, 2007, Éditions Phi, Esch-Uelzecht. Dëst ass eng Neioplo vum Aus-weg-los
  • Auf Rufweite, Erzielung, 2007, Op der Lay, Esch-Sauer
  • Servais - Roman einer Familie ; Lëtzebuerg, 'Éditions Guy Binsfeld', 2010; 590 Säiten. ISBN 978-2-87954-228-7
  • ...
  • Mutterrache. Novelle. Capybarabooks, 2023.

Kriticken[änneren | Quelltext änneren]

  • De Jacques Wirion kommentéiert Das letzte Konzept an der Warte Nummer 33/2203 vum 6. Dezember 2007.
  • "Gretchen ist keine Siegerin" vum Jacques Wirion am L.L. vum 23.12.07.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]