Op den Inhalt sprangen

Hôtel des Terres Rouges

Vu Wikipedia
Hôtel des Terres Rouges
2018
Land Lëtzebuerg
Plaz Uewerstadll
Adress Boulevard Roosevelt
Koordinaten 49° 36’ 30’’ N
      6° 7’ 54’’ O
Datum vum Bau 1872
Proprietär Lëtzbuerger Staat
Den Hôtel des Terres Rouges (no 1922).

Den Hôtel des Terres Rouges (Terres-Rouges-Gebai) ass e Gebai op Nummer 4 vum Boulevard Roosevelt an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg an deem de Kulturministère säi Sëtz huet.

D'Gebai gouf 1872, nodeem d'Festungsanlagen ofgerappt gi waren, op der Plaz vun der Bastioun Louis gebaut. Uganks hat d'Gebai[1] en éischte Stack an eng Mansarde an et war d'Geschäftshaus vun der Firma Delahaye et Fischer. Nodeems dës Firma opgeléist gi war, huet den Henri Fischer d'Gebai am Joer 1900 iwwerholl. De Fischer war Gemengeconseiller an Assurancenagent vun der „Compagnie belge d'assurances générales sur la vie“. Wéi de Fischer 1902 gestuerwen ass, ass d'Gebai u säin Eedem, den docteur en droit Paul Stumper iwwergaangen. Dee war Stater Schäffen a Generalagent vu verschiddenen Assurancen.

1921 ass d'Gebai un de Georges Pierre Schoos verkaaft ginn, deen et awer kuerz drop erëm weider verkaaft hat. Et huet dunn dem Aachener Hüttenverein Rothe Erde gehéiert, deen do säi Verwaltungssëtz dran ageriicht hat. Duerch Iwwernamen a Fusioune koum d'Gebai fir d'éischt (1922) un d'Société Métallurgique des Terres Rouges (dohier säin Numm) an duerno (1937) un d'Arbed.

D'Société Métallurgique des Terres Rouges hat d'Gebai vergréissere gelooss, andeems um westlechen Eck e Flillek bäigebaut gouf. D'Veranda iwwer der Agankspaart ass ofgerappt ginn a gouf duerch en iwwerdaachte Bannenhaff ersat. D'Gebai bestoung aus zwéin aus Steng gebaute Stäck an enger Mansarde. D'Kellere sinn deelweis an de Festungsmauere vun der fréierer Bastioun Louis integréiert. Um Rez-de-chaussée waren ursprénglech d'Büroe vum President a vum Direkter. Eng Éierentrap féiert bei den Sëtzungssall um den éischte Stack.

Am Sëtzungssall si sengerzäit grouss ekonomesch a politesch Decisioune geholl ginn. Den Émile Mayrisch an den Eugène Schneider hunn hei iwwer d'Zukunft vun der europäescher Stolindustrie an der Zäit tëscht den zwéi Weltkricher decidéiert. Véier Medaillone mat Zeenen aus der Stolindustrie sinn an de Boiserië vum Sëtzungssall integréiert.

D'Gebai ass un de Lëtzebuerger Staat verlount ginn a gouf vun den Staatsarchiven (1936-1964) an duerno vum Transport- a Bauteministère benotzt[2]. Zanter dem Januar 2012 huet de Kulturministère säi Sëtz am Terres-Rouges-Gebai.

Den 23. Abrëll 1941 owes géint zéng Auer, ass e Feier an der Mansard ausgebrach. Duerch déi vill Saachen déi do stockéiert waren, stoung gläich de ganzen Daach a Flamen. D'Pompjeeë vun Tréier hu missen hëllefe komme fir d'Feier ze läschen. 14 Deeg nom Feier huet den Architekt vun der ARBED Pläng agereecht fir de Schued um Daach ze flécken, fir den zweete Stack ëmzebauen an anengems den zénken Daach duerch ee mat Leeën z'ersetzen.

1971 ass d'Gebai vum Établissement d'assurance contre la vieillesse et l'invalidité opkaaft ginn, fir et dunn 1974 un de Staat ofzetrieden.

Den 20. Januar 2023 gouf proposéiert, d'Gebai als nationale Kulturpatrimoine ze klasséieren.[3]

Porte ouverten

[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'Eraplënneren an dat neit Gebai ze wierdegen huet de Kulturministère de 14. Januar 2012 eng Porte ouverte mat Visite-guidéeën an Optrëtter vu Kënschtler am Hôtel des Terres Rouges organiséiert[4]. En änleche Programm gouf et den 21. Abrëll 2018 am Kader vun der „Journée portes ouvertes des institutions“.

Commons: Hôtel des Terres Rouges – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. deemoleg Adress: 7 Boulevard du Viaduc
  2. "Wie in einem Taubenschlag!" wort.lu, 14.01.2012 18:40.
  3. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).
  4. (rsd), 2012. Tag der offenen Tür am vergangenen Samstag im Kulturministerium. Ein Blick hinter die Kulissen.Luxemburger Wort vum 16. Januar 2012, S. 18.