Ministère de l'Égalité des genres et de la Diversité

Vu Wikipedia
Ministère de l'Égalité des genres et de la Diversité
Ministère fir Gläichstellung an Diversitéit
Land Lëtzebuerg
Ënnersteet der/dem Lëtzebuerger Regierung
Gegrënnt 17. November 2023
Um Spaweck https://mega.gouvernement.lu/

De Ministère fir Gläichstellung an Diversitéit (fr: Ministère de l'Égalité des genres et de la Diversité, gekierzt MEGA) ass e Ministère zu Lëtzebuerg, dee mat der Regierung Frieden-Bettel de 17. November 2023 an d'Liewe geruff gouf.

En ersetzt de fréiere Ministère fir Gläichstellung tëschent Fraen a Männer.

Allgemenges[änneren | Quelltext änneren]

De Ministère këmmert sech drëm fir d'Gläichstellung an d'Diversitéit an alle Liewensberäicher an an all Domaine vun eiser Gesellschaft z'assuréieren.

Kompetenz vum Ministère[änneren | Quelltext änneren]

D'Servicer a Verwaltungen ënner der Kompetenz vum Ministère fir Gläichstellung an Diversitéit, sinn am interne Reglement vun der Regierung festgehalen[1]. Dozou gehéieren ë. a.:

  • Koordinatioun vun der nationaler an internationaler Politik fir d'Gläichstellung vu Fraen a Männer an d'Net-Diskriminéierung vun de Geschlechter; Koordinatioun vum nationalen Aktiounsplang fir d'Gläichstellung vu Fraen a Männer
  • Koordinatioun vun der nationaler an internationaler Politik zu Gonschte vu lesbeschen, homosexuellen, bisexuellen, transgender an intersex Persounen (LGBTIQ+); Koordinatioun vum nationalen Aktiounsplang fir d'Rechter vun LGBTI-Persounen ze fërderen
  • Integratioun vum Volet Gender an de politesche Moossnamen an Zesummenaarbecht mat den zoustännege Ministèren
  • Koordinatioun vun der Politik fir d'Bekämpfe vun all Form vu Gewalt déi op den Gender baséiert sinn
  • interministerielle Kommitee fir d'Gläichstellung vu Fraen a Männer; interministerielle Kommitee fir d'Promotioun vun de Rechter vu lesbeschen, homosexuellen, bisexuellen, transgender an intersex Persounen; Kooperatiounskommitee tëscht Fachleit am Beräich vum Kampf géint d'Gewalt; Prostitutiounskommitee; Kommitee fir positiv Moossnamen an den Entreprisen am Privatsecteur
  • Ausschaffe vun der Gesetzgebung an Ëmsetze vun Aktiounen zu Gonschte vun der Gläichstellung vu Fraen a Männer an der Diversitéit; Diversitéits-Charta
  • Observatoire vun der Gläichstellung
  • Formatiounen an de Beräicher Gläichstellung an Diversitéit
  • Kommitee fir Fraenaarbecht
  • Gestioun vun de Servicer déi am Interessi vun der Gläichstellung vu Fraen a Männer oder den Interessie vun der LGBTIQ+-Communautéit schaffen
  • Relatioune mat nationalen an internationalen Organisatiounen déi sech fir d'Gläichstellung vu Fraen a Männer a fir d'Diversitéit asetzen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ministère de l'Égalité des genres et de la Diversité – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • De Ministère op gouvernement.lu, der Websäit vun der Regierung

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Constitution des Ministères am Arrêté grand-ducal du 27 novembre 2023 portant approbation et publication du règlement interne du Gouvernement.