Gewalt

Vu Wikipedia

Gewalt ass déi generell Bezeechnung fir all Zort vun aggressivem Verhalen, dat physesch oder psychesch Péng oder Zerstéierung ervirrifft. An engem zweete Sënn kann och Muecht oder de Pouvoir fir gewësse Contrainten z'imposéiere mat deem Terme gemengt sinn.

Wa Gewalt a Grausamkeete viraals jee no Zäitepoch méi oder wéineger zum Alldag vun de Leit gehéiert hunn (cf. réimesch Gladiatorekämpf, mëttelalterlech Hexeverbrennungen, etc.), sou ass an der haiteger Gesellschaft d'Toleranz vis-à-vis vu Gewalt stänneg um falen, net zulescht och wéinst dem ëmmer méi strikte Gewaltmonopol vum Staat, deen déi individuell Gewalt dacks ënner Strof stellt. An de Staat selwer gëtt sech Mechanisme wéi z. B. d'Gewaltendeelung, fir Gewaltmëssbrauch duerch déi eegen Organer ze verhënneren.

Gewalt kann awer och a bestëmmte Situatioune legitiméiert ginn, sou z. B. wann en Affer vun enger ongerechtfäerdegter Aggressioun sech duerch Légitime défense wiert, oder wann eng Arméi am Kader vun internationalen Traitéen e Verdeedegungskrich oder Hëllefsoperatiounen duerchféiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gewalt – Biller, Videoen oder Audiodateien