Ministère de la Protection des consommateurs

Vu Wikipedia
Ministère de la Protection des consommateurs
Ministère fir Konsumenteschutz
Land Lëtzebuerg
Minister Paulette Lenert
Verwaltungssëtz Lëtzebuerg
Adress 271, route d'Arlon L-1150 Lëtzebuerg
Ënnersteet der/dem Lëtzebuerger Regierung
Gegrënnt 2018
Um Spaweck https://mpc.gouvernement.lu/

De Ministère fir Konsumenteschutz, (fr: Ministère de la protection des consommateurs) war bis de 16. November 2023 e Ministère zu Lëtzebuerg deen 2018 geschaaft gouf.

Allgemenges[änneren | Quelltext änneren]

De Ministère fir Konsumenteschutz setzt sech fir e konsumentefrëndlecht Ëmfeld an, dat gesond a sécher ass, wou d'Gesetz de Konsument effikass géint Abuse schützt an him d'Méiglechkeet gëtt, fir iwwer déi noutwendeg an transparent Informatiounen ze verfügen, déi hie brauch, fir säi Choix vertrauensvoll treffen ze kënnen. D'Zil vum Ministère war et fir de Konsument ze schützen, z'informéieren an der Bevëlkerung et méi einfach ze maachen, sech fir e responsabele Konsum z'entscheeden.

Kompetenz vum Ministère[änneren | Quelltext änneren]

D'Servicer a Verwaltungen ënnert der Kompetenz vum Ministère fir Konsumenteschutz, sinn am Arrêté grand-ducal vum 28. Mee 2019 festgehalen[1].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ministère de la Protection des consommateurs – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • De Ministère op gouvernement.lu, der Websäit vun der Regierung

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Arrêté grand-ducal du 28 mai 2019 portant constitution des Ministères. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-07-24.