Paulette Lenert

Vu Wikipedia
Paulette Lenert
Donors Roundtable Financial Inclusion Fund (cropped).jpg
Gebuer 31. Mee 1968
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit Paul-Cézanne,
Universitéit vu London,
Stater Kolléisch
Aktivitéit Politiker, Jurist, Affekot, Riichter
Partei LSAP
Wikidata-logo-without-paddings.svg

D'Paulette Lenert, gebuer den 31. Mee 1968 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Verwaltungsbeamtin a Politikerin (LSAP)[1].

Si ass zanter dem 5. Januar 2022 Vize-Premierministesch an der Regierung Bettel-Lenert-Bausch (virdrun: Regierung Bettel-Kersch-Bausch), souwéi zanter dem 4. Februar 2020 Gesondheetsministesch, Delegéiert Ministesch fir Sozialversécherung a Ministesch fir Konsumenteschutz.

Virdru war si, vum 5. Dezember 2018 un, Ministesch fir Humanitär Hëllef a fir Konsumenteschutz an der Regierung Bettel-Schneider-Braz.

Carrière[änneren | Quelltext änneren]

D'Paulette Lenert huet hir Première (A-Sektioun, modern, 1987) am Stater Kolléisch gemaach an dono op der Universitéit Aix-Marseille III Droit studéiert. No hirer Maîtrise, 1991, huet si 1992 a Groussbritannien e Master am europäeschen Droit zu London gemaach.

Si huet 1992 als Affekotin um Stater Barreau ugefaange mat schaffen. 1994 goung si bei de Justizministère, wou si Attachée gouf. 1997 gouf si Riichterin um Verwaltungsgeriicht, a spéider Vizepresidentin vun deem Geriicht. Vun 2010 bis 2013 war si Premier conseiller de gouvernement am Delegéierte Ministère fir Solidarekonomie. Duerno gouf si Direktesch vun der Cellule de facilitation en matière d'urbanisme et d'environnement am Staatsministère. Dat selwecht Joer ass si Éischt Regierungsconseillère am Ministère vun der Fonction publique an der Verwaltungsreform ginn, vun deem se 2014 d'Gesamtkoordinatioun iwwerholl huet.

2017 gouf si zousätzlech Direktesch vum Institut national d'administration publique. De 5. Dezember 2018 gouf si als Ministesch fir Humanitär Hëllef a fir Konsumenteschutz an der Regierung Bettel-Schneider-Braz vereedegt. Nom Remaniement vum 4. Februar 2020 ass si Gesondheetsministesch, Delegéiert Ministesch fir Sozialversécherung a Ministesch fir Konsumenteschutz. No engem weidere Remaniement ass si zousätzlech Vize-Premierministesch an der ewell Bettel-Lenert-Bausch genannter Regierung.[2]

Zanter dem Januar 2019 ass si Vizepresidentin vun der LSAP[3].

D'Paulette Lenert war vun 2011 bis 2013 am Verwaltungsrot vu Proactif a.s.b.l. a bis Enn 2018, vun der Initiativ Rëm Schaffen a.s.b.l.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell, wou net anescht uginn: Biographie Paulette Lenert." op gouvernement.lu, 2018-12-05.
  2. "Das Personalkarrussel dreht sich." wort.lu, 05.01.2022.
  3. "De Franz Fayot ass neien LSAP-President, Tom Jungen Generalsekretär ". rtl.lu, 23.01.2019, 08:25:03.