Médecins du monde

Vu Wikipedia
Logo vun den Doktere vun der Welt

Médecins du monde ass eng weltwäit aktiv Associatioun, déi 1980 zu Paräis gegrënnt ginn ass. Zënter 2013[1] gëtt et s'och zu Lëtzebuerg ënner dem selwechten Numm, ofgekierzt MdM an MdM-Lux[2], oder als Doktere vun der Welt.

Hiert Haaptzil ass, datt Mënschen, déi keen Zougank zu Gesondheetsservicer hunn, bei en Dokter kënne goen a medezinesch betreit ginn. Déi medezinesch Betreiung gëtt vu Fräiwëllegen aus dem Gesondheetssecteur ugebueden. Médecins du monde schafft mat Infirmieren, Dokteren a Psychologen zesummen. D'Patienten an Europa si Leit ouni Sozialschutz, Leit, déi op der Strooss liewen, a Leit, déi keng Pabeieren hunn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Médecins du Monde ass am Mäerz 1980 vum franséischen Dokter a spéidere franséischen Ausseminister Bernard Kouchner a 14 aneren Doktere gegrënnt ginn. De Bernard Kouchner huet 1971 schonn d'Organisatioun Médecins sans frontières (MSF) matgegrënnt. An de spéiden 1970er Joren koum et zu éischten Differenzen tëscht him an der Direktioun vun MSF. Et ass haaptsächlech ëm d'Fro gaangen, wéi d'Mataarbechter mat de Verstéiss géint Mënscherechter an d'humanitäert Vëlkerrecht sollten ëmgoen, déi si am Kader vun hire Missioune gesinn. Zur endgülteger Trennung ass et 1980 wärend engem vum Kouchner sengen Hëllefsasätz fir vietnameesesch Bootsflüchtlinge komm. Obwuel den Asaz schlussendlech erfollegräich war, ass e vun der Majoritéit vun den MSF-Memberen net ënnerstëtzt ginn. Doropshin huet de Kouchner sech entscheet, mat Médecins du monde eng nei Organisatioun ze grënnen, där hire President hien tëscht 1980 an 1982 war.

Zënter 1993 gëtt et dat internationaalt Netzwierk vu Médecins du monde mat Associatiounen an Europa, Amerika an Asien.

Zu Lëtzebuerg sinn d'Doktere vun der Welt zënter 2014 aktiv. Si bedreiwen e Centre médical zu Bouneweg (um Leschte Steiwer), an een zu Esch-Uelzecht (an der Rue d'Audun). 2015 hunn 30 Fräiwëlleger iwwer 200 Patienten a 540 Consultatioune betreit.[3]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Date de constitution: 15.10.2013
  2. Mémorial C — N° 3160 vum 12. Dezember 2013
  3. lessentiel.lu: «Médecins du Monde» a soigné les plus démunis (21. Juni 2016)