Netflix

Vu Wikipedia
Netflix, Inc.
Grënnungsdatum 29. August 1997
Sëtz Los Gatos, Kalifornien,
 USA
Leedung

Reed Hastings (CEO)[1]

Ted Sarandos (CCO)[1]
Mataarbechter 9400 (2020)[2]
Ëmsaz 25 Mrd. USD (2020)[2]
Branche Filmwirtschaft
Homepage www.netflix.com

Netflix, Inc. ass eng US-amerikanesch Medienentreprise, déi sech mam Streaming (via Abonnement) an der Produktioun vu Filmer a Serien beschäftegt.

Se gouf 1997 am kalifornesche Los Gatos vum Reed Hastings an dem Marc Randolph gegrënnt. Ufanks huet s'als Online-Videothéik fonctionéiert, andeems se Filmer op DVD a Blu-ray un hir Abonnente verschéckt huet. 2007 huet Netflix mat Video-on-Demand ugefaangen, sou datt Abonnenten op e Katalog vun audiovisuellen Inhalter per Streaming Zougang kruten.

Netflix produzéiert eege Serien a Filmer, ma weist der och eng jett, fir déi se d'Exploitatiounsrechter (net ëmmer fir iwwerall an zum Deel zäitlech begrenzt) kaaft huet.

Bis Mäerz 2020 hat Netflix knapps 3000 Film- an Televisiounsprogrammer a senger Offer. Bis Enn Mäerz 2022 goufen, zanter dass d'Firma gegrënnt gouf, am Ganzen 221,64 Milliounen Abonnementer ofgeschloss, dovun der 74,58 Milliounen an den USA an a Kanada. 2020 louch hire Wäert op der Bourse mat knapps 195 Milliarden Dollar iwwer deem vun der Walt Disney Company.

Zanter 2014 kann een Netflix och zu Lëtzebuerg abonéieren.

Deen éischte Lëtzebuerger Film, deen op Netflix gewise gouf, ass Sawah vum Adolf El Assal.[3]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Netflix – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Netflix - Environmental, Social & Governance - Leadership & Directors. ir.netflix.net. Gekuckt de(n) 2022-05-17.
  2. 2,0 2,1 Inline XBRL Viewer. www.sec.gov. Gekuckt de(n) 2022-05-17.
  3. "Netflix picks up Luxembourg-Egypt production Sawah." screendaily.com, 14. Mee 2020; gekuckt 2022-05-31.