Sawah

Vu Wikipedia
Sawah
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Belsch
Egypten
Produktiounsjoer 2019
Première 20. Mäerz 2019
Dauer 86 min
Originalsprooch Englesch
Franséisch
Arabesch
Lëtzebuergesch
Ekipp
Regie Adolf El Assal
Dréibuch Adolf El Assal
Dennis Foon
Sirvan Marogy
Fotografie Nikos Welter
Musek Eric "Cehashi" Bintz
Produzent Adolf El Assal,
Alexandra Hoesdorff,
Désirée Nosbusch
Produktiouns-
gesellschaft
Warner Bros.,
Warner Bros. Pictures,
Wady Films,
Deal Productions
Schauspiller
Karim Kassem
Eric Kabongo
Nilton Martins
Jean-Luc Couchard
Mourade Zeguendi
Stéphane Bissot
Paul Robert
Elisabet Johannesdottir
Negweny El Assal
Wesley Weigel
Bess Limani
Dan Sluijzer
Mö Sbiri
Mara Taquin
Sarrah Abdelrahman
Mahmoud Elissy
Sophie Mousel
Armando Medina
Ahmed El Baz
Claude Humbert
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Sawah ass e lëtzebuergesch-belsch-egyptesche Spillfilm aus dem Joer 2019 vum lëtzebuergesche Regisseur Adolf El Assal.

En hat seng Avant-première de 15. Mäerz 2019 um LuxFilmFest[1] a koum den 3. Abrëll 2019 an de Kino.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

De Samir, en DJ aus Egypten, gewënnt bei engem Concours eng Rees op Bréissel, fir do beim Drop Beats Festival opzetrieden. Wéinst engem Streik gëtt säi Fluch op Lëtzebuerg ëmgeleet. Bei deem ganze Gedeessems verléiert e seng Pabeieren, a fënnt sech op eemol an enger Razzia géint illegal Awanderer erëm...

Soss[änneren | Quelltext änneren]

D'Produktiounsgesellschaften Independent Spirit Productions a spéider Wady Films kruten tëscht Dezember 2014 a Juli 2016 dräimol e Subside an Héicht vu 30.000 Euro vum Lëtzebuerger Filmfong accordéiert fir d'Dréibuch vum Film ze entwéckelen.[2][3][4] Am September 2017 huet de Filmfong entscheet, d'Filmproduktioun mat 2.635.527 Euro finanziell ze ënnerstëtzen.[5]

Sawah ass deen éischte lëtzebuergesche Film, deen op Netflix ze gesinn ass.[6]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Fiche op luxfilmfest.lu
  2. filmfund.lu: Comité de Sélection décisions mai 2015
  3. filmfund.lu: Comité de Sélection décisions juillet 2016
  4. filmfund.lu: Comité de Sélection décisions décembre 2014
  5. filmfund.lu: Comité de Sélection décisions septembre 2017
  6. Céline Coubray: "«Sawah», le premier film luxembourgeois sur Netflix." paperjam.lu, 13 mai 2020, 11:13 • Édité à 14:22.