Televisiounsserie

Vu Wikipedia
Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Eng Televisiounsserie oder Fernseeserie, dacks einfach Serie genannt, ass eng Emissioun an e puer Deeler, déi op engem Televisiounssender leeft. All Deel huet ongeféier déi selwecht Längt a gëtt Episod genannt. E Produktiounsofschnëtt mat e puer Episode gëtt Staffel (frs: saison, engl.: season) genannt.

De Lien tëscht den eenzelen Episoden a Staffelen ass meeschtens eng Geschicht, déi iwwert dem Laf vun der Serie erzielt gëtt, mat de selwechte Personnagen. Et gëtt awer och Anthologieserien, bei deenen d'Episoden, respektiv d'Staffelen zwar ënner engem selwechten Theema stinn, mee — anescht wéi bei gewéinlechen Televisiounsserien — ënnerschiddlech Figuren, eng ënnerschiddlech Handlung, oder eng ënnerschiddlech Besetzung spillen. Bei der Serie Black Mirror zum Beispill erzielt all Episod eng eegestänneg Geschicht, déi onofhängeg vun den aneren Episoden ass. An American Horror Story gëtt iwwer de Laf vun enger Staffel eng Geschicht erzielt, a bal keng Staffel huet eppes mat deenen aneren ze dinn, obwuel meeschtens déi selwecht Schauspiller matspillen.

Eng Televisiounsserie ënnerscheet sech vum Televisiounsfilm, deen einfach e Spillfilm ass, dee produzéiert gouf, fir op engem Fernseesender ze lafen, an deen am Géigesaz zur Televisiounsserie eng eenzeg Unitéit ass an net an Episoden ënnerdeelt ass.

Et gi vill verschiddenen Zorten Serien, jee no Genre ënner anerem:

Eng Serienepisod ass generell tëscht 20 a 60 Minutte laang,[1] woubäi et awer och Ausname ginn. Esou dauert all Episod an der franséischer Succèsserie bref. nëmmen tëscht 1 an 3 Minutten.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. https://www.statista.com/statistics/829954/tv-show-episode-length/