Dr. House

Vu Wikipedia
D'Originalbesetzung vun der Serie. Vu lénks no riets: Wilson, Cuddy, Chase, House, Cameron a Foreman

Dr. House, am Original als House oder och nach House M.D. bekannt, ass eng Televisiounsserie aus den USA vum David Shore. Déi éischt Folleg ass de 16. November 2004 gelaf, déi 8. Staffel huet den 3. Oktober 2011 ugefaangen.

House war bis Enn 2012 eng vun den erfollegräichsten US-amerikanesche Serien.

Ëm wat geet et ?[änneren | Quelltext änneren]

Den Dr. Gregory House ass e medezinescht Genie a Chef vun enger Ekipp vun Diagnostiker am fiktive Princeton-Plainsboro Léier-Spidol am New Jersey USA. Déi meescht Episode fänken u mat den éischte Symtomer vun engem Patient. Nodeem déi "normal" Medezinner keng Äntwert op dem Patient seng Symtomer fanne geet de Fall weider un den House a seng Ekipp fir datt si d'Krankheet diagnostizéieren.

Haaptduersteller[änneren | Quelltext änneren]

  • Den Dr. Gregory House (Hugh Laurie) ass de Protagonist vun der Serie a Chef vum Departement vun Diagnostescher Medezin. Hien ass ausgebilten Diagnostiker a spezialiséiert op Infektiounskrankheeten an Nephrologie.
  • Dr. Lisa Cuddy (Lisa Edelstein) ass responsabel fir d'Administratioun am Princeton-Plainsboro. Si ass Endokrinologistin, mä hir medezinesch Kenntnesser muss se ganz rar direkt asetzen. Hir Haaptaufgab ass et den House am Grëff ze halen.
  • Dr. Eric Foreman (Omar Epps) ass ee vun de Membere vum House sengem Team. Wéi all d'Membere vum Team ass hie spezialiséiert op Diagnostesch Medezin, mat enger Ënnerspezialisatioun op Neurologie.
  • Den Dr. James Wilson (Robert Sean Leonard) ass Chef vum Departement vun der Onkologie. Hien ass dem House säi beschten/eenzege Kolleeg.
  • Dr. Allison Cameron (Jennifer Morrison) ass deen eenzege weibleche Member am House sengem Team. Si ass spezialiséiert op Immunologie.
  • Dr. Robert Chase (Jesse Spencer): Leschten an eelste Member am House sengem Team. Spezialiséiert op Intensivmedezin.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]


Commons: House (television programme) – Biller, Videoen oder Audiodateien