Scrubs

Vu Wikipedia
Scrubs
Serie
Produktiounsland USA
Dauer 22
Format 16:9
Originalsprooch Englesch
Follgen 145
Éischt Folleg 2. Oktober 2001
Staffelen 9
Episoden 182
Ekipp
Iddi Bill Lawrence
Produzent Touchstone Television
Distributioun Netflix, Hulu, Disney+
Schauspiller
Zach Braff als Dr. John Michael Drorian (J.D)
Sarah Chalke als Dr. Elliot Reid
Donald Faison als Dr. Turk
Neil Flynn (Concierge)
Ken Jenkins als Dr. "Bob" Kelso
John C. McGinley als Dr. "Kerry" Cox
Judy Reyes als Carla Espinosa
D'Originalbesetzung vu Scrubs

Scrubs ass eng US-amerikanesch Klinick-Sitcom, déi 2001 vum Auteur Bill Lawrence entwéckelt gouf. An der Serie geet et ëm d'Ängschten an d'Problemer vu jonken Doktere bei hiren éischte professionelle Aktivitéiten an enger Klinick. Wéi sou dacks verbanne sech dobäi dramatesch an witzeg Elementer.

Ëm wat geet et?[änneren | Quelltext änneren]

Am Mëttelpunkt vun der Serie steet den Erzieler a jonke Medezinner John Dorian, och J.D. genannt. Direkt no der Universitéit kënnt en an den alldeegleche Betrib vum Sacred Heart Hospital. Do léiert den J.D. mat den Héichten an Déifte vu sengem neie Beruff ëmzegoen a léisst de Spectateur dobäi u senge Gedanken, Ängscht an Dagdreem deelhuelen. Mat der Zäit entwéckelt hie sech weider a gewënnt philosophesch Erkenntnesser.

Änlech ergeet et sengen zwéin Alterskolleegen, dem Christopher Turk, dee bis zum Schluss vun der 4. Staffel beim J.D. wunnt, an der attraktiver an éiergäizeger Elliot Reid, déi awer meeschtens wéinst hirem onsécheren an onbeholleffen Optrieden opfält. Ënner deenen dräi entwéckelt sech e gutt Verhältnes a si gi Frënn.

An engem anere Verhältnes stinn déi dräi mat deem strenge Chefdokter Robert "Bob" Kelso an dem sarkasteschen Chefdokter Perry Cox, dee gewëssermoossen de Mentor vum J.D. gëtt. Dem Kelso geet et ëmmer nëmmen ëm d'finanziellt Wuel vun der Klinick an de Cox bestécht duerch seng Eethik, schéngt awer en emotionaalt Wrack ze sinn. Hie behëlt sech zu jiddwerengem ganz distanzéiert, wat sech duerch säin zyneschen Humor ausdréckt. Hie spillt ëmmer de béisen Dokter dee seng Stagiairë graff upaakt a se ëmmer erëm mat den zwéi Féiss op de Buedem zeréckbréngt.

An der Klinick fënnt den J.D. an der Persoun vum Hausmeeschter, deem säin Numm ni genannt gëtt, e Géigner. Dee mécht dem J.D. vun Ufank un d'Liewen an der Klinick net méi einfach.

Dem Turk geet et do ewell e bësse besser well hien eng Relatioun mat der Krankeschwëster Carla Espinosa ageet, si no der 3. Staffel bestit a mat hir an der 6. Staffel e Kand kritt.

D'Geschichte vu Scrubs bezéien hire Reiz duerch hiren Humor an Emotiounen, duerch hir déifgrënneg Wourecht an duerch d'mënschlech Problemer vun de Protagonisten. D'Charaktere sti mat de Féiss um Buedem vun der Realitéit a besonnesch d'Komik, déi sech an de Situatiounen oder an de Gedanke vun de Schauspiller ofspillt, gefält.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]