Sløborn

Vu Wikipedia
Sløborn
Serie
Produktiounsland Däitschland
Dauer 47-60 Minutten
Originalsprooch Däitsch
Dänesch
Follgen 8 (1. Staffel)
Éischt Folleg 2020 Däitschland
Staffelen 1
Episoden 8
Ekipp
Iddi Christian Alvart
Produzent Christian Alvart,
Timm Oberwelland,
Siegfried Kamml
Schauspiller

Emily Kusche: Evelin Kern
Wotan Wilke Möhring: Richard Kern
Alexander Scheer: Nikolai Wagner
Laura Tonke: Merit Ponz
Roland Møller: Magnus Fisker
Annika Kuhl: Helena Kern
Adrian Grünewald: Hermann "Herm" Schwarting
Urs Rechn: Mikkel Schwarting
Marc Benjamin: Milan Gruber
Tim Bülow: Fiete Mansur
Linda Stockfleth: Yvonne Precht
Aaron Hilmer: Devid
Lea van Acken: Ella
Arnd Klawitter: Arne Ponz
Yorck Dippe: Rolf Østergard
Mads Hjulmand: Jan Fisker
Manuel Harder: Erik
Maximilian Brauer: Peter Kern
Karla Nina Diedrich: Freja
Hannah Ehrlichmann: Lucia Bachmann
Petra Hartung: Sabine Tietze
Anton Nürnberg: Anton
Zoran Pingel: Lobo
Anna-Lena Schwing: Romy Stoever

Jens Weisser: Dr. Lange

Sløborn ass eng däitsch-dänesch Televisiounsserie vum Christian Alvart, deen als Regisseur, Dréibuchauteur, Produzent a Kameramann täteg ass. D'Haaptrollen hunn déi däitsch Schauspiller Emily Kusche a Wotan Wilke Möhring.

An der Serie geet et ëm d'Insel Sløborn an der Nordséi, där hir Bevëlkerung engem déidleche Virus ausgesat sinn.

D'Fernseepremière vun der Sendung war den 23. Juli 2020 um Sender ZDFneo. Déi ganz Staffel gouf de selwechten Dag op d'ZDFmediathek gestallt an den Dag drop op DVD a Blu-Ray verëffentlecht.

Am Fréijoer 2021 gouf mat den Dréiaarbechte fir eng zweet Staffel ugefaangen.

Handlung[änneren | Quelltext änneren]

Éischt Staffel[änneren | Quelltext änneren]

Sløborn ass eng (fiktiv) däitsch Nordséiinsel bei der dänescher Grenz. Wärend et an de Medie Berichter iwwer eng Infektiounskrankheet am Ausland ginn, déi Dauwegripp ("Taubengrippe") genannt gëtt, spille sech op der Insel alldeeglech Zeenen of: dat 15 Joer alt Evelin Kern mierkt, datt si vun hirem Schoulmeeschter Milan Gruber schwanger ass; hir Eltere wëlle sech trennen, ënner anerem well d'Mamm en Hotel op der Küst vu Sløborn well opmaachen, mee de Papp als Wëssenschaftler zu Berlin wëll schaffen. De bekannten Autor Nikolai Wagner ass op der Insel, fir op Invitatioun vu der Bicherhändlerin Merit Ponz eng Virliesung ze halen. Hie schafft un engem neie Roman, mee huet keng Sue méi, ass drogenofhängeg a leit ënner enger Schreifblokad. Den Dän Magnus Fisker ass zeréck op Sløborn, fir e Rehabilitatiounsprojet mat kriminelle Jugendlechen ze leeden a mat hinnen e baufällegen Haff ze renovéieren. D'Evelin setzt sech fir de Matschüler Hermann an, de Jong vun engem lokale Polizist, dee vun de Matschüler gemobbt gëtt.

Wéi e Seegelboot un der Küst vun der Insel strant, fannen d'Jugendlech Fiete, Louis an Ole, an den Hermann, deen och e Video dovu verëffentlecht, u Bord d'Läiche vun enger amerikanescher Koppel. Si klauen deenen hir Wäertsaachen an Handyen a gi fort. Um Handy fënnt de Fiete mat der Hëllef vum Hermann Opnamen, déi beleeën, datt d'Koppel un der Dauwegripp gestuerwen ass. Kuerz drop hunn och zwee vun den dräi Jugendlechen éischt Symptomer. Déi zwee krank Jugendlecher kommen an d'Spidol an den Ole stierft schonn no kuerzer Zäit. Och aner Inselbewunner, déi mat den Infizéierte Kontakt hate, gi krank. Sløborn gëtt ofgespaart, et gi Blutttester gemaach, d'Awunner musse Masken undoen an d'Bundeswehr setzt eng Ausgangsspär duerch. Beim Evelin gëtt eng mutéiert Variant vum Virus festgestallt. Hire Libhaber Gruber stierft, mee si selwer ass anscheinend trotz liichte Symptomer immun. Si gëtt fir weider Analyse vun der Insel geflunn.

Si gëtt an eng Klinik zu Kiel bruecht, wou si aner Patienten trëfft, bei deene Fuerschungen zur Produktioun vun engem Géigemëttel gemaach ginn, wat zum Doud vun engem Patient féiert. A Panik leeft d'Evelin aus der Klinik fort. Si trëfft hire Papp, de si mat op Berlin a säi Labo wëll huelen. Mee si vertraut him net, leeft fort a kënnt mat engem Fëscherboot zeréck op Sløborn. Do forméiert sech ënnert den Awunner Widderstand géint déi massiv Agrëff an hir Grondrechter. Zesumme mam Hermann fënnt d'Evelin eraus, datt d'Insel soll evakuéiert ginn, fir all d'Verdachtsfäll, egal op infizéiert oder net, vum Rescht vun der Bevëlkerung ze isoléieren. Fir all d'Awunner, déi bis dohin net infizéiert waren, géif dat bedeiten, datt se sech sécher ustiechen an domat de sécher Doud, meng d'Evelin. Si an hir Gesëschter entzéie sech dowéinst der Evakuatioun, geneesou wéi de Magnus Fisker a seng Jugendgrupp. De Fisker widdersetzt sech der Bundeswehr a gëtt erschoss. D'Evelin, hir Bridder, an den Nikolai Wagner, deen op der Insel säi Roman fäerdeg geschriwwen huet, an d'Grupp Jugendlecher bleiwen als eenzeg op der Insel zeréck. Am Bus, mat deem d'Mamm vun de véier Kanner evakuéiert gëtt, weist ee vun de Passagéier op eemol och Krankheetssymptomer. Et stellt sech als wouer eraus, datt déi Krank net vun den Gesonden isoléiert ginn an dat och net geplangt war. Dat weidert Schicksal vun den evakuéiert Bewunner bleift op.

Produktioun[änneren | Quelltext änneren]

Gedréint gouf vum 28. August 2019 u ënner anerem op der ostfrisescher Insel Norderney an zu Sopot op der polnescher Küst. E puer Zeene goufen um fréien "Torpedowaffenplatz Hexengrund" an der Danzeger Bucht.

D'Sendung gouf virun der COVID-19-Pandemie produzéiert. Wärend der Postproduktioun tëscht Dezember 2019 an Enn Mee 2020 goufen e puer kleng Referenzen zur Pandemie an hire Begleeterscheinungen agebaut, zum Beispill wann ee vun de Protagoniste freet: "Sollt ech elo Desinfektiounsmëttelen drénken?"[1]

Den ZDF wollt d'Serie awer net wéinst der Pandemie méi spéit senden.[1]

Acceuil[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Staffel gouf gutt vun de Kritiker opgeholl.

Duerchschnëttlech gouf all Episod an der ZDFmediathek vun 0,44 Milliounen Zuschauer gekuckt. Domat ass Sløborn déi erfollegräichsten ZDFneo-Serie an der ZDFmediathek.

Episoden[änneren | Quelltext änneren]

Éischt Staffel[änneren | Quelltext änneren]

  1. Die Ankunft
  2. Wirt
  3. Komplizen
  4. Wahrscheinlichkeiten
  5. Gegenwehr
  6. Landunter
  7. Widerstand
  8. Zuflucht

Linken[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 sueddeutsche.de: Nein, das ist nicht die Serie zu Corona (22. Juli 2020)